De Gemma Frisius, gebuer den 9. Dezember 1508 zu Dockum am Frisland, a gestuerwen de 25. Mee 1555 zu Léiwen, war e Mathematiker, Medezinner a Kartograph.

Gemma Frisius
Gebuer 8. Dezember 1508 jul.
Dokkum
Gestuerwen 25. Mee 1555 jul.
Léiwen
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Siwwenzéng Provënzen
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen,
Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Mathematiker, Dokter, Kartograph, Universitéitsprofesser, Instrumentebauer, Philosoph, Physiker, Astronom

Hie war vun ëm 1529 un, Professer op der Universitéit vu Léiwen.

A sengem Wierk « De Locorum describendorum ratione » (Antwerpen, 1533) fënnt een den eelsten Exposé iwwer d'Prinzipe vun der Triangulatioun, an eng Method fir d'Längtegraden ze bestëmmen. Doduerch si seng wëssenschaftlech Kontributioune ganz wichteg am Beräich vun der praktescher Kartographie.

Wierker änneren

 
Aritmetica prattica facilissima, 1567
  • « Arithmetica practicae methodus facilis » (Antwerpen, 1540)
  • « De Principiis astronomiae et cosmographiae » (1530, op franséisch iwwersat vum Boissière am Joer 1582)
  • « De Usu annuli astronomici » (1539)
  • « Charta sive mappa mundi » 1540)
  • « De Astrolabio catholico » (Antwerpen, 1540)
  • « De Radio astronomico et geometrico » (Antwerpen, 1545)
  • « De Orbis divisione et insulis rebusque nuper inventis » (1548).

E vu senge bekanntste Schüler war de Mercator.

Um Spaweck änneren

Commons: Gemma Frisius – Biller, Videoen oder Audiodateien