De Geminos vu Rhodos, gestuerwen am 1. Joerhonnert v. Chr. zu Rhodos, a laténgescher Form Geminus, war e griicheschen Astronom, Stoiker a Mathematiker.

Geminos vu Rhodos
Gebuertsnumm Γεμῖνος
Gebuer 10 v. Chr. jul.
Rhodos
Gestuerwen 60 jul.
onbekannt
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Geograph

De Geminos war Schüler vum Poseidonios. Hien hat ëm 70 v. Chr. zu Roum gelieft, an hat do d'Eisagoge eis ta phainomena (iwwersat: „Aféierung an d'Phenomeener“) geschriwwen, eng fir seng Zäit enorm Leeschtung iwwer d'Astronomie.

De Geminos hat schonn zu senger Zäit ugeholl, datt d'Fixstären op verschiddenen Distanze vun eis sinn. Méiglecherweis staamt de Mechanismus vun Antikythera aus der Hand vum Geminos. Vum Geminos staamt och déi éischt Umierkung vun engem Äerdglobus: Hien hat op de Krates vu Mallos verwisen, deen e Globus entworf hat (vgl. Vogel (1995), S. 82).

Et gouf weider eent op d'mannst sechsbännegt Wierk iwwer mathematescht Denken. D'Wierk ass nëmmen aus Zitater bekannt. Et gëtt awer och arabesch Deeliwwersetzungen.

De Moundkrater Geminus ass no him genannt.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie