Geminiden[1]
Aktivitéitszäitraum 7. - 17. Dezember
Aktivitéitsmaximum 14. Dezember
Radiantepositioun
vum Maximum
RA: 7h 28m
DE: +33°
ZHR 120
Populatiounsindex 2,6
geozentresch Vitess 35 km/s

D'Geminide sinn e Meteorstroum. Säi Radiant läit am Stärebild Gemini (Zwillinge). An deem Stärebild sinn déi zwéi gläichhell Stäre Castor a Pollux ze fannen.

D'Stärekonstellatioun vum Gemini

Well de Radiant Mëtt Dezember um Himmel vis-à-vis vun der Sonn steet, ass wärend der ganzer Nuecht d'Stärebild iwwer dem Horizont ze gesinn. Déi héchst Stellung gëtt kuerz no Hallefnuecht erreecht. Dofir loosse sech d'Geminiden am Géigesaz zu anere Meteorstréim ganz gutt an den Owesstonnen observéieren. D'Geminide si besonnesch androcksvoll, well si vill hell, typesch giel-wäiss Meteore bréngen. Déi hellste Meteore kommen typescherweis eréischt nom Maximum, wärend virdrun déi schwaach Objeten dominéieren.

Urspronkskierper vun de Geminiden, déi näischt aneres sinn, wéi eng Stëbswollek, déi eis Sonn ëmkreest, gëllt en Asteroid den ënner dem Numm Phaethon klasséiert ass. Seng Bunn ëm d'Sonn gläicht ofgesi vun der kuerzer Ëmlafszäit vun nëmmen 1,4 Joer staark där vun engem Koméit.

D'Aktivitéit vun de Geminiden huet sech stänneg an de leschte Joerzéngte vergréissert. Am Joer 2009 goufen am Maximum eng ZHR vu ronn 140 Geminide pro Stonn registréiert.[2] Et ass gutt méiglech, datt Zuel vun de Geminiden an de nächste Joren nach däitlech méi grouss gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. IMO Meteor Shower Calendar 2009
  2. Geminids 2009 Archivéiert op 2016-10-24. Gekuckt de(n) 2011-05-10.