D'Gemini (laténgesch) Zwillinge, sinn e Stärebild op der Ekliptik.

Date vum Stärebild Gemini
Lëtzebuergeschen Numm Zwilling
Laténgeschen Numm Gemini
Laténgesche Geenitiv Geminorum
Latäin. Ofkierung Gem
Positioun Ekliptik
Rektaszensioun 6h 00m bis 8h 07m
Deklinatioun +35° 25´ bis +9° 50´
Fläch 514 Quadratgrad
Siichtbar op Breetegraden 90° Nord bis 60° Süd
Bescht
Observatiounszäitraum
Wanter
Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
Pollux (β Geminorum),
1,16m
Meteorstréim Geminiden
Epsilon-Geminiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Auriga
Taurus
Orion
Canis Minor
Cancer
Lynx
Stärekaart vum Gemini. Déi gestréchelt rout Linn ass d'Ekliptik.
D'Stärebild wéi een et mat bloussem A gesäit.

Beschreiwung änneren

D'Stärebild Gemini mécht e laanggezunnent Rechteck um Himmel aus. Déi opfälleg hell Stäre Castor a Pollux maachen déi zwéi westlech Eckpunkten.

Duerch den ëstlechen Deel vum Gemini zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an deem Beräich vill oppe Stärekéip.

Well d'“Zwillingen“ op der Ekliptik leien, zéien d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéiten duerch d'Stärebild. Et gehéiert dofir zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech den Duerchgank vun der Sonn géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn duerchleeft d'Zwillinge vum 21. Juni bis den 20. Juli.

Geschicht änneren

D'Zwillinge gehéieren zu den 48 Stärebiller aus der anticker Astronomie, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Am Joer 1930 gouf bei der Auswäertung vu fotografesche Placken, an den Zwillingen den Zwergplanéit Pluto entdeckt.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 78 Pollux 1,16m 34 K0 III
α 66 Castor 1,58m 50 A1 V
γ 24 Alhena, Almeisan 1,93m 105 A0 IV
μ 13 Tejat Posterior, Nuhatai, Calx 2,94 bis 3,00m 250 M3 III
ε 27 Mebsuta 3,06m 900 G8 Ib
η 7 Tejat Prior 3,24 bis 3,96m 250 M3 III
ξ 31 Alzir 3,4m 64 F5 III
δ 55 Wasat 3,50m 60 F2 IV
θ 34 3,6m 150 A3 III
κ 77 3,57m 150 G8 III
λ 54 3,58m 80 A3 V
ζ 43 Mekbuda 3,7 bis 4,2m 1200 G0 + G1
ι 60 3,78m 150 K0 III
υ 69 4,06m 250 M0 III
ν 18 4,13m 300 B7 IV
1 4,16m
ρ 62 4,16m 60 F0 V
σ 75 4,23m
τ 46 4,41m
30 4,49m
e 38 4,73m 80 A9 + G5
ο 71 4,89m 60 F0 V
A 57 4,89m
g 81 4,89m
χ 4,94m
φ 83 4,97m
b 65 5,01m
f 74 5,04m
51 5,07m
64 5,07m
56 5,09m
π 80 5,14m
ω 42 5,20m
63 5,20m
d 36 5,28m

De Pollux (β Geminorum), den hellste Stär am Gemini, ass 34 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Risestär, deen orange liicht a gehéiert zu der Spektralklass K0.

Den γ Geminorum läit op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0. D'Nimm Alhena oder Almeisan si hunn en alarabeschen Urspronk a bedeite souvill wéi „d'Brandzeechen“ respektiv „de Stralenden“.

Den ε Geminorum ass trotz senger Distanz vu ronn 900 Liichtjoer opfälleg hell. Et handelt sech ëm e Risestär vun der Spektralklass G5 mat dem 150fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.
Den arabeschen Numm Mebsuta leet sech vun „déi ausgestreckte Prank vum Léiw“ of.
De Stär läit bal genee op der Ekliptik, a gëtt doduerch heiansdo vu Planéite bedeckt. Am Joer 1976 ass de Mars vun der Äerd aus gesinn, genee virun dem Stär laanscht gezunn.

De Stär δ Geminorum, deen op enger Distanz vu 60 Liichtjoer läit, ass och an nächster Ëmgéigend vun der Ekliptik. Am Joer 1857 gouf hie vum Saturn bedeckt. Den arabeschen Numm Wasat bedeit „d'Mëtt“.

Duebelstären änneren

System Gréisst Ofstand
α 1,9/2,9m 4,3"
ζ 4,0/7,6m 101"
38 Gem 4,7/sup>/7,7m 7,1"

De Castor (α Geminorum) ass e komplext Méifachsystem, bei deem dräi Haaptstären ëm ee vereente Schwéierpunkt kreesen. Jiddweree vun den Haaptstäre gëtt och nees vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest, deen allerdéngs net mat engem Teleskop ze gesinn ass, an nëmme spektroskopesch noweisbar ass. Déi dräi Haaptstäre kënne mat engem klengen Teleskop gesi ginn.

Stären.]] änneren

Objet Gréisst Period Typ
μ 2,94 bis 3,00m onreegelméisseg Verännerlechen
η 3,24 bis 3,96m 235 Deeg, 3 Deeg hallefreegelméisseg
bedeckungsverännerlech
ζ 3,7 bis 4,2m 10,15 Deeg Bedeckungsverännerlechen

De μ Geminorum ass ee verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech reegelméisseg ouni Ukënnegung verännert. Et handelt sech ëm een déifroude Stär vun der Spektralklass M0. Den Numm Tejat Posterior bedeit den „hënneschte Fouss“.

De η Geminorum ass e Roude Ris op enger Distanz vun 190 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet mat enger Period vu ronn 235 Deeg variéiert. Et ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär vum Typ My-Cephei. Doriwwer eraus ass et e bedeckungsverännerleche Stär, well hie vun engem liichtschwaache Begleeder ëmkreest gëtt, deen hie bal all dräi Deeg deelweis bedeckt.

De ζ Geminorum läit op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer an ass e verännerleche Stär vum Typ Delta-Cepheiden.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC diverses Gréisst Typ Numm
M 35 2168 5,5m Oppene Stärekoup
2129 7m Oppene Stärekoup
2158 9m Oppene Stärekoup
2266 9,5m Oppene Stärekoup
2331 9,5m Oppene Stärekoup
2356 9,7m Oppene Stärekoup
2392 9m Planetareschen Niwwel Eskimoniwwel
2395 8m Oppene Stärekoup
2420 8,3m Oppene Stärekoup

De Messierobjet M 35 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vun zirka 3.000 Liichtjoer. Hien ass scho mat bloussem A als niwwelege Fleck ze gesinn.

Den NGC 2129 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer, deen awer nëmme wéineg Stären huet.

An der Géigend vum Stär δ Geminorum fënnt een den NGC 2392, e planetareschen Niwwel op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. Den Objet huet den Numm Eskimoniwwel.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Gemini – Biller, Videoen oder Audiodateien