Gehaansbierg

Kopp an de Gemengen Diddeleng a Keel

De Gehaansbierg och nach Gehaansknäppchen[1] ass eng Kopp, déi tëscht Diddeleng a Keel läit. Eng Partie läit op der Gemeng Diddeleng (ronn 2/3) an de Rescht op der Keeler Gemeng. Seng héchst Plaz ass 410,5 Meter (NG-L). De Gehaansbierg huet eng Fläch vu ronn 22 ha wouvun ongeféier 17 ha der Diddelenger Gemeng gehéieren.

Gehaansbierg
De Gehaansbierg
An anere Sproochen fr: Mont Saint-Jean
de: Johannisberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Diddeleng
Keel
Buergermeeschter

Dan Biancalana (LSAP)


Jean Weiler (CSV)
Héicht 410,5 m
Koordinaten 49° 48’ 55.7’’ N
      06° 21’ 32.5’’ O


De Gehaansbierg vu Keel aus gesinn

De Rescht ass a Privatbesëtz a gehéiert de Grofe vu Manom, dozou gehéiert deen Deel deen op der Keeler Gewan läit an den ieweschten Deel mat der Buerg. D'Buerg déi och den Häre vu Manom gehéiert, ass fir 99 Joer un d'Gemeng Diddeleng verlount wéinst den Ausgruewungen an de Restauratiounen déi do gemaach ginn. Déi ënnescht Partie vum Bierg war och net ëmmer Bësch. Do ware Felder ugeluecht a sou wéi ee Flouernumm et seet, mat grousser Warscheinlechkeet och ee Wéngert. Déi Partie heescht am Wangert a läit tëscht der Scherr an dem Bierg.

Déi ënnescht Partie (bal alles wat ënner dem Wee läit deen ëm de Bierg geet) gouf an den 1930er Joren ugeplanzt. Dës Aarbechte goufen deemools gemaach fir Diddelenger Leit ze beschäftegen déi ënner der schlechter Konjunktur vun deemools keng Aarbecht haten. Et kéint ee bal soen, do wieren deemools d'Noutstandsaarbechten erfonnt ginn. Responsabel fir déi Uplanzunge war den deemolege Fierschter François Knepper dee bei der Auswiel vun den Holzaarte besonnesch gutt op déi verschidden Expositioune vum Bierg opgepasst huet an dofir relativ vill verschidde Beem gesat huet. Um Gehaansbierg fënnt een dofir haut iwwer 25 Zorte Beem.

An der Zong déi op Keel wéist (op der Foto hei niewendrun) an déi schonn ëmmer Bësch war, stinn eng Partie ganz schéi Käschtebeem. Leider hunn d'Leit déi sech do hir Käschte klaue gaange si Riffeleisen drageknuppt fir kënnen dolaanscht eropzeklammen a sou eng Rei vun de Beem beschiedegt.

Geomorphologesch gesinn handelt et sech ëm en Zeiebierg, deen der Schichtstuf vum Aalenium (Stuf vum Minett) virgelagert ass.

1938 gouf de Gehaansbierg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[2].

Geschichtleches änneren

Den Ufank vun der Diddelenger Stad ass nach bis op d'Kelten an d'Réimer zeréckzeféieren. Haut ass bewisen, datt et um Gehaansbierg eng réimesch Néierloossung gouf. Ëm d'Joer 1464 koum et zu engem éischten, an Dokumenter festgehalene Bau vun enger Buerg duerch d'Häre vu Gymnich.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg um Gehaansbierg.

An dëser Zäit spillt sech och d'Seeche vun der Jongfra vum Gehaansbierg of[3].

Zaldotekierfecht änneren

Tëscht 1941 an 1955 gouf et op der Nordflank vun der Kopp e sougenannten „Éierekierfecht“ deen am Optrag vum ieweschte Kommando vun der Wehrmacht fir d'Affer vum Krich ugeluecht gi war.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zaldotekierfecht um Gehaansbierg.

Naturléierpad änneren

Am Joer 1999 huet d'Diddelenger Gemeng en neien Naturléierpad um Gehaansbierg ugeluecht. E läit um Circuit, dee ganz ëm de Gehaansbierg geet. Op dëser Streck vu bal engem Kilometer sti 5 Panneauen zu dësen Theemen:

  1. Vullen;
  2. Mamendéieren;
  3. Beem;
  4. Planzen um Buedem;
  5. Insekten.

Am Agank vum Gehaansbierg op der Héicht vum Waasserbaseng steet en Agankspanneau mat enger Kaart an Explikatiounen iwwer dëse klengen Naturléierpad.

Den Tuerm änneren

Nieft der Buergruin steet zanter 1985/86 en 27 Meter héijen Tuerm[4] wou een iwwer 114 Träppleken op eng Aussiichtsplattform kënnt, vun där aus een d'Buergiwwerreschter an d'Ëmgéigend bewonnere kann.

D'Kapell änneren

Fréier ass all Joer op Gehaansdag eng Pressessioun vu Butschebuerg op de Gehaansbierg bei d'Kapell gaangen. An de leschte Joren huet d'Par Diddeleng déi Pressessioun erëm opliewe gelooss.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Diddeleng-Butschebuerg (Gehaanskapell).

Kuriositéiten änneren

Literatur änneren

  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 36-43)
  • Thill, Norbert: Sankt Johannisberg in Geschichte und Gegenwart. Teil 1. Sonderheft 1, Heimat und Mission, 2/2012 - Jahrgang 86, 39 S.
  • Thill, Norbert: Sankt Johannisberg in Geschichte und Gegenwart. Teil 2. Sonderheft 2, Heimat und Mission, 3/2012 - Jahrgang 86, 31 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gehaansbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. den Deel zu Keel (Quell: geoportail.lu)
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Gerry Erang, Will you free Dudelange's doomed maiden from her century-old curse? RTL today, 28.07.2019
  4. „Der Johannisberg bei Düdelingen - touristischer Führer“ um Spaweck