Gediechtneskapell Jousefskierch Esch-Uelzecht

Kapell fir den Affer vum Zweete Weltkrich ze gedenken

D'Gediechtneskapell an der Jousefskierch zu Esch-Uelzecht gouf un d'Escher Jousefskierch ugebaut, fir doran den Affer vum Zweete Weltkrich aus der Par ze gedenken.

Gediechtneskapell Jousefskierch Esch-Uelzecht
Typ Kapell
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Jousefskierch Esch-Uelzecht
Ageweit 23. November 1947

Se besteet aus engem Altor, wourop eng Muttergottesstatu steet, mat hannendrun enger bemoolter Fënster, wourop op deenen dräi ieweschte Panneauen de gekräizegte Jesus ze gesinn ass, an op deenen zwéi ënneschten de Jean Origer, deen engem Mat-KZ-Prisonéier zu Dachau d'Kommunioun gëtt[1].

Op zwou Tafele sinn d'Nimm vun den Affer opgezielt. Eng Tafel huet als Iwwerschrëft:

Moriamur in virtute propter fratres nostros I. Mach. 9.10,

an déi aner:

Sancta et salubris est cogitatio pro defunctis exorare. II Mach.12.46.

D'Kapell gouf den 23. November 1947 ageweit[2].

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Joseph Flies: Das Andere Esch. An der Alzette. Ein Streifzug durch seine Geschichte, Luxemburg 1979, S.858-59.
  2. Flies.