De Gaston Lagaffe (an Iwwersetzungen och nach bekannt als Guust Flater (hollännesch) oder Viggo (norwegesch)) ass eng Comicfigur aus dem Heft Spirou. De Gaston gouf vum André Franquin, vum 28. Februar 1957 bis zu sengem Doud 1997, gezeechent.

Gaston Lagaffe
Createur André Franquin
Ass en(g) Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Ëmweltaktivist, Erfinder
Universum
Present am Gaston,
Spirou et Fantasio

Geschicht a Geschichten änneren

De Gaston ass Bürosjong an der Redaktioun vun den Éditions Dupuis (dee Verlag existéiert wierklech zu Marcinelle an der Belsch). Bei sengen éischten Optrëtter stoung de Gaston an der Redaktioun just an der Géigend erëm, wat all Mënsch intrigéiert huet, bis datt de Spirou sech en Häerz gefaasst huet an hien zu rieds gestallt huet:

- Wee sidd där?
- De Gaston.
- Wat maacht där hei?
- Ech waarden.
- Op wat waart där?
- Weess net... Ech waarden...
- Ween huet iech geschéckt?
- Et huet ee mer gesot ze kommen...
- Ween?
- Weess net méi...
- Dir sollt komme fir wat ze maachen?
- Fir ze schaffen...
- Wéi ze schaffen?
- Weess net... ech sinn agestallt ginn...
- Mee där sidd sécher datt et hei war wou der sollt kommen?
- Beuh...

(Zitat: Spirou n°990 vum 4. Abrëll 1957)

De Gaston hat am Ufank keng eege Serie am Spirou, hie war souzesoen en Held ouni Aarbecht. Hien ass just an eenzelenen Zeene vun der Serie Spirou a Fantasio opgedaucht. D'Figur ass beim Lieser gutt ukomm a sou krut de Gaston Enn 1957 (Spirou n°1025) dann awer nach seng eege Serie.

De Gaston ass e léiwen an ëmmer hëllefsbereete Chaot, dee virun allem opfält duerch seng ausgefalen Experimenter an Erfindungen (déi dacks net ganz klappen), seng Musek um Gaffophone (hien huet dat Instrument selwer erfonnt), seng Léift zu den Déieren (hien huet eng Kaz, eng Laachméiw, e Fësch, eng Maus an e Kéisécker bei sech op der Aarbecht) a seng latent Middegkeet um Büro.

D'Serie vum Gaston ass u sech eng Persiflage vum Alldag an der Redaktioun. Et gëtt eng Hellewull Running Gags, wéi z. B.:

  • den Här de Mesmaeker, deen ni dozou kënnt, gewësse Kontrakter mat den Éditions Dupuis ofzeschléissen;
  • dem Gaston seng Fiat 509 vun 1925, déi bal auserneefält;
  • de Krich vun de Parkaueren, deen de Gaston géint de Polizist Longtarin féiert;
  • de risege Cactus vu senger Tatta Hortense;
  • etc.

A verschiddene Planchen thematiséiert de Franquin, wat him perséinlech um Häerz louch: Ëmweltschutz a Pazifismus.

D'Comic-Serie gouf mat ville Präisser ausgezeechent, dorënner och en Extrapräis vum Internationale Comic-Salon Erlangen fir dem Franquin säi Liewenswierk.

Fir de 50. Anniversaire vun der éischter Publikatioun ze commémoréieren hat d'Stad Bréissel déi originell Iddi, den 28. Februar 2007 um Gebitt vun hirem Territoire, als Hommage um Gaston seng Parkauerphobie, d'Parke fir een Dag gratis ze maachen.

Albumen änneren

D'Serie vum Gaston aus Spirou ass och als Rei vu Sammelalbumen erauskomm. D'Numeréierung ass awer sou chaotesch, datt se vum Gaston selwer kéint sinn. Sou koum et souguer zur Legend, et wier ni en Album Nummer 5 ginn. Dat koum doduerch, well déi éischt Albumen eng Kéier reéditéiert goufen (z'erkennen um "R"), sou datt een an de Librairieë just nach d'Albumen R1, R2, R3, R4 a 6 bis 13 ze kafe krut. An engem klenge Format gouf et awer schonn en Album Nummer 5 (zu deem Zäitpunkt scho laang vergraff).

Hei d'chronologesch Reiefolleg vun de Gaston-Albumen:

  • 1960:    - Gaston
  • 1963: 2 - Gala de gaffes
  • 1964: 3 - Gaffes à gogo
  • 1965: 4 - Gaffes en gros
  • 1966: 1 - Gare aux gaffes (offiziell eng Rééditioun vum éischte Gaston, mä dat stëmmt manifestement net)
  • 1967: 5 - Les gaffes d'un gars gonflé
  • 1968: 6 - Des gaffes et des dégats
  • 1969: 7 - Un gaffeur sachant gaffer
  • 1970: 8 - Lagaffe nous gâte
  • 1970: R1 - Gala de gaffes à gogo (eng Reeditioun vun den Nummeren 2 an 3)
  • 1971: 9 - Le cas Lagaffe
  • 1972: 10 - Le géant de la gaffe
  • 1972: R2 - Le bureau des gaffes en gros (eng Reéditioun vum Nummer 4, plus Inéditen)
  • 1973: 11 - Gaffes, bévues et boulettes
  • 1973: R3 - Gare aux gaffes du gars gonflé (eng Reéditioun vun den Nummeren 1 a 5)
  • 1974: 12 - Le gang des gaffeurs
  • 1974: R4 - En direct de la gaffe (Inéditen)
  • 1979: 13 - Lagaffe mérite des baffes
  • 1982: 14 - La saga des gaffes
  • 1985: 0 - Gaffes et gadgets (eng Reéditioun vum Album ouni Nummer, plus Inéditen)
  • 1986: R5 - Le lourd passé de Lagaffe (Inéditen)
  • 1996: 15 - Gare à Lagaffe (dräizéng nei Planchen, plus Inéditen)

Fir dem Gaston säi véierzegste Gebuertsdag 1997 decidéieren d'Éditions Dupuis, fir nach eng Kéier all d'Planchen erauszebréngen. Sou gëtt et also eng Edition Définitive vun uechtzéng Albumen, déi numeréiert si vun 1 bis 18. 1999 kënnt e ganz neien Album No 19 eraus, mat weideren Inéditen.

Donieft gëtt et awer och nach eng Editioun J'ai lu, wou den No 1 den 2 vum Original-Gaston ass, den 2 den 3, den 3 den R2, de 4 de 4, de 5 de 5, de 6 de 6, de 7 den R4+R5... Et ass fir gaga ze ginn.

Spezialalbume gëtt et och eng Rëtsch, ugefaange mam Gaston et le Marsupilami vun 1978. Dann hu mer do nach de faméise Baston No 5 La Ballade des Baffes (1983), wou eng ganz Rei Comic-Zeechner sech zesummegedoen hunn, fir en Album No 5 ze schafen. Och net ze vergiessen ass de Gaston fou du bus vun 1987, wou de Gaston Reklamm mécht fir d'UTP (Union des Transports Publics - Belgique). Spéider gëtt et och Editioune fir RATP, CTS, STP, RTM, TCL, etc.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren