Wiener Gasometeren

(Virugeleet vu(n) Gasometer (Wien))

D'Gasometeren zu Wien-Simmering (11. Bezierk), véier Gasbehälteren aus dem Joer 1896, sinn, nodeem se net méi fir deen Zweck gebraucht goufen, an engem ëmfangräichen Ëmbau an de Joren 1999 bis 2001 revitaliséiert ginn, a sinn dobäi an en Entertainmentcenter, Wunnengen, e Studentenheem an eng Veranstaltungshal ëmgebaut ginn.

D'Wiener Gasometeren

D'Gebaier si charakteristesch fir de Wiener Gemengebezierk Simmering, well ee se wéinst hirer Gréisst scho vu wäitem gesäit.

De Bau vun de Gasometeren am eelefte Wiener Gemengebezierk Simmering ass vun 1896 bis 1899 am Kader vum Bau vum Gaswierk Simmering realiséiert ginn.

An de Gasometere gouf de Kuelegas, deen aus der Dréchendestillatioun vu Steekuel gewonne gouf, gespäichert, éier e fir de Verbrauch an d'Gasnetz goung. De Waasserstoffgas gouf primär fir d'Stroossebeliichtung mat Gas op ëffentleche Stroosse benotzt. Eréischt géint 1910 huet sech d'Benotzung och an de Privathaiser etabléiert.

No der Ëmstellung vu Kuelegas op Äerdgas an der Moderniséierung am Gasbehälterbau goufen d'Gasometeren 1984 zougemaach. Zanter 1978 sti s'ënner Denkmalschutz.

D'Gemeng Wien huet sech fir d'Revitaliséierung vun de Gebaier agesat. 1995 gouf et Concourse fir Iddien, wat mat de Gasometere sollt geschéien.

Déi véier Architekte Jean Nouvel, Coop Himmelb(l)au (Wolf D. Prix), Manfred Wehdorn a Wilhelm Holzbauer hu jiddwereen, fir ee vun de véier Gasometere Pläng entworf déi tëscht 1999 an 2001 realiséiert goufen. D'Baukäschten hu sech op 2,4 Milliarde Schilling belaf, ëmgerechent ronn 174 Milliounen Euro.

Literatur zum Theema änneren

  • August Sarnitz, Der Architekturreiseführer für Wien - Neue Architektur 1975-2005, Springer Verlag, Wien, 2003.
  • Hans Hollein, Austrian Contemporary Art, Architecture and Design, Holzhauser Verlag, Wien, 2001.
  • Hannelore a Petra Leban, Simmering, Wiens 11. Bezirk.

Um Spaweck änneren

Commons: Gasometer, Vienna – Biller, Videoen oder Audiodateien