D'Gare Pronsfeld ass déi fréier Gare vun der Westäifelbunn an der Gemeng Pronsfeld am Äifelkrees Béibreg-Prüm. D'Gare déi am Sandstee gebaut gouf, war grad wéi déi vu Prüm an déi vu Sankt-Vithk eng Gare vun der 2. Klass.[1] D'Gare steet um PK 31,547. D'Gebai vun der Gare war am Krich staark duerch Bombardementer beschiedegt ginn a gouf duerno awer erëm no bal de selwechte Pläng nees opgeriicht. Aner Gebaier déi laanscht d'Gleiser stoungen, wéi z. B. d'Postgebai goufen net méi op där Plaz opgeriicht.

Vue an d'Gare mat der Köf II. D'Lokomotiv steet um sougenannten Neierbuerger Gleis. Dat war dat mëttels Gleis an der Gare. (Bild vun 2007)

Haut ass den Deel tëscht dem Gebai vun der Gare an der fréierer Barriär als Fräiliichtmusée amenagéiert. E besonnescht Ausstellungsstéck ass déi sougenannt Köf II.

Wéi den 1. Oktober 1886 de Streckendeel Prüm-Pronsfeld-Bleialf vun der Westäifelbunn a Betrib geholl gouf krut Pronsfeld eng Gare. De 6. Juli 1907 gouf an der Gare den Uschloss mat der Enzdallbunn a mat der Streck op Waxweiler gemaach. Am Zweete Weltkrich goufen déi Strecke staark beschiedegt soudatt den Trafic eréischt de 17. Oktober 1949 erëm konnt opgeholl ginn.

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. Informatiounspanneau an der Gare