D'Gare vun Nessovaux (fr:Station de Nessonvaux) ass eng Gare vun der SNCB op der Streck Léck-Oochen.

Vue an d'Gare

An der Gare leien zwee Gleiser mat zwéi Säitequaien. Fir d'Quaien ze verbanne féiert eng Passerell iwwer d'Gleiser.

D'Gare läit eng 120 Meter westlech vum Tunnel vun Nessonvaux.