Gare Näerzeng

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare Näerzeng ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Beetebuerg, der Gare Keel respektiv der Gare Schëffleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Näerzeng
Streck 6a, 6c
PK 4,090
Quaien 2
Gleiser 2 + 1 Stompgleis
Uertschaft Näerzeng
Gemeng Beetebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 30’ 29’’ N
      6° 03’ 03’’ O
Websäit CFL.lu
D'Gebai vun der Gare vun der Strooss aus gesinn (2013).

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare Näerzeng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 19 Parkplazen.

Nieft deem Parking läit de Bus-Arrêt: Näerzeng-Gare. Dee gëtt vun den RGTR-Linnen 310 (Näerzeng-Lycée Nic-Biever zu Diddeleng iwwer Beetebuerg an zeréck) (Schoulbus) an 168 (Näerzeng - Biergem - Beetebuerg - Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum zu Perl iwwer Fréiseng an Uespelt) (Schoulbus) an zeréck ugefuer.

D'Gebai änneren

D'Gebai vun der Gare ass am Joer 1873 am typesche Stil vun där Zäit gebaut ginn.

2003 gouf et op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen an als Nationalmonument klasséiert.[1]

No Ëmbauaarbechten a Studentewunnengen, tëscht 2009 an 2011, ënner Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux ass et den 23. Februar 2013 a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert, dem Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet an dem CFL-Generaldirekter Alex Kremer nei ageweit ginn. D'Gebai gëtt elo vun Doktorante vun der Uni Lëtzebuerg als Wunneng benotzt.[2]

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
 

Lëtzebuerg

Beetebuerg RB

CFL-Linn

6a

Schëffleng Péiteng
Lëtzebuerg Beetebuerg RE

CFL-Linn

6a

Schëffleng Rodange
Péiteng Schëffleng RB

CFL-Linn

6a

Beetebuerg Lëtzebuerg
Rodange Schëffleng RE

CFL-Linn

6a

Beetebuerg Lëtzebuerg
Terminus Terminus RB

CFL-Linn

6c

 

Keel

Rëmeleng
Rëmeleng Keel RB

CFL-Linn

6c

Terminus Terminus

Busarrêten bei der Gare änneren

Gare (nemmen Schulbusser)

Am Duerf (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)

Lohrwies (RGTR-Linn 307 a Schoulbusser)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Näerzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Wort.lu: "Schlafen, lernen und feiern in altem Bahnhofsgebäude." wort.lu, 24.02.13 10:34.