De Gallikanismus (fr.: gallicanisme) ass eng reliéis a politesch Doktrin, déi d'Organisatioun vun enger franséischer kathoulescher Kierch ënnerstëtzt huet, déi gréisstendeels autonom vis-à-vis vum Poopst war. De Gallikanismus affirméiert d'franséisch Spezifizitéit, a wëll net datt sech de Poopst ze vill an déi franséisch Affäre mëscht. Sou erkennt de Gallikanismus de Poopst zwar als Autoritéit un, mä kontestéiert seng Allmuecht, wat de generelle Konziler vun der Kierch an den Herrscher vun de Staaten zegutt kënnt.

E grousse Vertrieder vum Gallikanismus, de Bossuet (1627-1704).

An der Praxis huet dat virun allem sou ausgesinn, datt sech den Herrscher (Kinnek oder Keeser) d'Recht fir d'Nominatioune vun de Bëscheef an eng Autoritéit iwwer hir Decisioune virbehalen huet. Obschonn dës Doktrin de Poopst respektéiert huet, sou huet si dach seng Muecht limitéiert; sou behaapt de Gallikanismus zum Beispill datt d'Muecht vun de Bëscheef déi sech an engem Konzil zesummefanne méi grouss wéi déi vum Poopst ass.

Am 15. Joerhonnert huet Frankräich en éischte Versuch vum Gallikanismus ënnerholl. Am Joer 1483 huet de Kinnek Charles VII. mat der Pragmatescher Sanktioun vu Bourges d'Prerogative vum Poopst limitéiert an deklaréiert, datt d'Decisioune vun de Konziler vu Basel a vu Konstanz iwwer deene vum Poopst géife stoen.

Ee vun de grousse Representante vun dëser Beweegung war de Bossuet, Bëschof vu Meaux (17. Joerhonnert), deen d'Quatre articles op e Punkt bruecht huet, déi vun der Versammlung vun de Bëscheef vu Frankräich ënnerschriwwe goufen. De Bossuet huet d'Decisioune vum Konzil vu Konstanz (1414-1418) widderholl, deen drun erënnert huet, datt den ökumeenesche Konzil (Versammlung vun alle Bëscheef an Äbt) dat héchst Organ vun der Kierch ass wann et ëm Autoritéit an Enseignement geet.

Um Enn vum 17. Joerhonnert huet sech de Gallikanismus zu engem groussen Deel beim franséische Klerus duerchgesat, engersäits duerch d'Theorië vum Bossuet, déi gréisstendeels begréisst goufen, op der anerer Säit och duerch d'gallikanesch Positioune vun de Jansenisten déi dem Poopst virgeworf hunn, hie géif sech beim franséische Klerus amëschen. De franséische Klerus vum 18. Joerhonnert war vun de gallikaneschen Iddien iwwerzeegt, wat um Ufank vun der Franséischer Revolutioun d'Adoptioun vun der Zivilverfaassung vum Klerus erlaabt huet, déi aus de Membere vum Klerus Staatsbeamte gemaach huet, déi vum Staat bezuelt goufen an déi en Eed op d'Constitutioun hu misse schwieren. Nodeem e laang gezéckt hat, huet de Poopst Pius VI. dës Constitutioun verurteelt, wat zur Folleg hat, datt sech de franséische Klerus tëscht Gallikanismus an Ultramontanismus opgespléckt huet.

De Félicité Robert de Lamennais huet de Gallikanismus a sengem Essai sur l'indifférence en matière de religion (1817 - 1823) béis kritiséiert.

1870 koum et zu Roum zu der Proklamatioun vum Dogma vun der Onfeelbarkeet vum Poopst duerch den 1. Vatikanesche Konzil. Dës Decisioun, obscho staark vun de franséische Bëscheef kontestéiert, war d'Enn vum Gallikanismus. 1905 gouf duerch d'Gesetz vun der Trennung vu Kierch a Staat definitiv all Lien tëscht der Franséischer Kierch an dem Staat ewechgeholl.

Et gëtt allerdéngs och haut nach eng kleng gallikanesch Kierch, mä si huet knapps 50 Memberen an hirem Klerus.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren