Galaxy Evolution Explorer

De GALEX (Galaxy Evolution Explorer oder Explorer 83) ass e Weltraumteleskop (Satellit) vun der NASA fir d'Observatioun vu Galaxien am ultraviolette Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum. De GALEX gouf den 28. Abrëll 2003 mat enger Pegasus-Rakéit an en Äerdorbit an zirka 695 km Héicht mat enger Bunnschréi vun 29° bruecht.

GALEX
De Weltraumteleskop GALEX
Typ Weltraumteleskop
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2003-017A
Apogeum 697 km
Perigeum 691 km
Bunnschréi 29,0°
Mass 280 kg
Bunn-Ëmlafzäit 98,6 min
Exzentrizitéit -
Start 28. Abrëll 2003 12:00 UTC
Startplaz Mayport Drop Zone bei 29° N, 78,5° W7
Drorakéit Pegasus XL,
ofgeworf vun enger L-1011
Status a Betrib

Den Haaptspigel vum GALEX huet zirka 50 Zentimeter Duerchmiesser. D'Siichtfeld ass mat iwwer 1° opfälleg grouss, dofir huet misse bei der Produktioun vum Spigel ganz genee op d'Form opgepasst ginn. En Detekter vum Teleskop observéiert am Wellelängteberäich vun 135 bis 175 nm, deen aneren am Beräich vun 175 bis 280 nm.

Déi ufanks geplangt Missiounsdauer vun 29 Méint konnt iwwerschratt ginn. 2006 hat d'NASA Senior Review Panel virgeschloen, d'Missioun ze verlängeren. 2005 bis 2007 souwéi 2009 koum et duerch Kuerzschlëss zu Ausfäll vum Detekter, deen de wäiten Ultraviolettberäich observéiert. Vum Joer 2009 konnt de Schued net méi, wéi an der Vergaangenheet, gefléckt ginn, soudatt nëmmen nach mat engem Detekter weidergeschafft konnt ginn.

2007 gouf mat Hëllef vum Detekter, deen duerno ausgefall ass, en 13 Liichtjoer laange Schwäif hanner dem Stär Mira entdeckt.

De 7. Februar 2012 gouf de GALEX op Stand-By-Modus geschalt, fir 2012 komplett ofgeschalt ze ginn[1],[2]. Et sinn zwar nach den 11. Februar 2012 Verhandlunge gelaf, ob d'NASA de Galaxy Evolution Explorer dem Caltech iwwerschreiwe soll, deen de Satellit weider bedreiwe wëll. Dat ass duerch den Stevenson-Wydler Technology Innovation Act méiglech, gouf awer bei Raumfluchkierpern am Weltraum nach net gemaach[3].

Nodeem d'NASA d'GALEX de 14. Mee 2012 un de Caltech verlount hat, fir vun dësem nach weider dräi Joer benotzt ze ginn, gëtt GALEX dat Joer net ofgeschalt. De Caltech wëll an dräi Joer mat GALEX d'Kartéierung vum UV-Himmel ofschléissen. De Caltech dréit mat aneren Instituten d'Betribskäschte vun 100.000 USD am Mount. Déi fale bei Orbital Sciences un, déi de Satellit gebaut huet a bedreift. D'NASA bleift awer Besëtzer vum GALEX, deen nach 12 Joer schaffe kéint[4].

Foto vum koméitenaartege Schwäif vum Stär Mira
De GALEX bei de Startvirbereedungen

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: GALEX – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ralph-Mirko Richter: Weltraumteleskop GALEX befindet sich im Standby-Modus in Raumfahrer.net, Datum: 8. Februar 2012, gekuckt, den 10. Februar 2012
  2. NASA/JPL/California Institute of Technology: NASA's Galaxy Evolution Explorer in Standby Mode, Datum: 7. Februar 2012, gekuckt, den 10. Februar 2012
  3. Stephen Clark: NASA, Caltech mull over unique satellite donation, in www.spaceflightnow.com Datum: 10. Februar 2012, gekuckt, den 11. Februar 2012
  4. Stephen Clark: Galaxy-hunting telescope to live on with private funding, in Spaceflight Now, Datum: 16. Mee 2012, gekuckt den 18. Mee 2012