D'Gabielle Petit, gebuer zu Tournai den 20. Februar 1893, a gestuerwen zu Bréissel den 1. Abrëll 1916, war eng belsch Spiounin a Resistenzlerin.

Statu vun der Gabrielle Petit op der Plaz Saint-Jean zu Bréissel

D'Gabrielle Petit ass aarm opgewuess. No der Mamm hirem Doud huet hire Papp si mat hirer Sëschter Helène op Mons bei d'Nonne vum Saccré Coeur a Pensioun ginn. Duerno koum se 1902 an d'Weesenhaus op Brugelette.

Als relativ onofhängege Charakter huet si sech do 1908 duerch d'Bascht gemaach an ass bei hire Papp op Malines gaangen. Vun do huet se sech kuerz duerno och aus dem Stëbs gemaach, an huet op verschiddene Plaze probéiert fir sech iwwer Waasser ze halen. Sou huet se an engem Moudegeschäft geschafft, an enger Pâtisserie, an als Serveuse.

1912 huet se sech an enger Mansard iwwer dem Appartement vun der Famill Collet installéiert, déi sech och ëm si bekëmmert huet.

Se léiert en Ënneroffizéier, de Maurice Gobert kennen, an déi zwee verlobe sech géint de Wëlle vum Maurice sengen Elteren.

Wéi 1914 de Krich ausgebrach ass ass si zu Molenbeek-Saint-Jean fir d'Rout Kräiz sammele gaangen. No en ettlech Méint huet se de Maurice erëmgesinn, awer deen huet d'Velobung gebrach, an huet sech iwwer déi hollännesch Grenz ofgesat, fir an England ze goen. Well si hien awer net wollt opginn huet si dat selwecht gemaach, a sou koum et datt si vum alliéierte Renseignementsbureau kontaktéiert gouf, deen en Agentereseau an de besate Gebidder wollt opbauen, fir alles iwwer déi däitsch Truppe gewuer ze ginn. Si krut dunn zu London eng Formatioun, a gouf am August an d'Belsch zeréckgeschéckt.

Do huet si e puer Agente rekrutéiert, a reegelméisseg hir Rapporten iwwer Holland weider an England ginn. Hire Krichsnumm war Mademoiselle Legrand. Mä ausser der Observatioun vun den Truppebeweegungen, huet si nach jonk Belsch iwwer déi hollännesch Grenz bruecht, déi mat den Alliéierte wollte kämpfen. Warscheinlech duerch de Verrot vun engem Passeur gouf hir heemlech Aktivitéit vun der däitscher Police opgedeckt, an den 2. Februar 1916 gouf se verhaft, an an de Prisong vu Saint-Gilles bruecht.

Bei hirem Prozess huet si kee verroden, a si gouf zum Doud verurteelt. Nom Verdict koum si aus dem Geriichtssall an huet de Leit déi do stoungen zougeruff: Gabrielle Petit, espionne, condamnée à mort. Si wollt kee Recours en grâce maachen, an dunn hunn hir Tata an hir Sëschter dat an hirer Plaz gemaach, mä e gouf verworf.

Den 1. Abrëll 1916 moies um Véirel vir siwe gouf si erschoss. Si hat refuséiert eng Bande iwwer d'Aen ze kréien, a si ass mam Ruff Vive la Belgique, vive le Roi gestuerwen.

Am Mee 1919 krut si eng national Begriefnesfeier. Hiert Graf ass um Kierfecht vu Schaerbeek.

Hir zu Éiere gouf e belsche Militärcamp zu Hitfeld bei Oochen Camp Gabrielle Petit gedeeft. Eng ronn zéng Kilometer dovun zu Eschweiler läit e Camp deen no der belscher Kinnigin Camp Astrid gedeeft gouf. Déi Zwéi Campe ware bis uganks der nonzeger Joren a Betrib.