Gabriel Mayer

Entreprener
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gabriel Mayer, gebuer de 5. Januar 1818 zu Saint-Avold[1] a gestuerwen den 10. September 1905[2] an der Stad Lëtzebuerg[3], war e franséisch-lëtzebuergeschen Entreprener.

Gabriel Mayer
Gebuer 5. Januar 1818
Saint-Avold
Gestuerwen 19. September 1905
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Member vun Loge des Enfants de la Concorde Fortifiée

1849 huet hien eng Händschefabréck gegrënnt. 1870 krut en e Patent op en neie System fir Händschen ze schneiden, dee "Palmyre" genannt gouf. 1873 huet hien d'Villa Vauban baue gelooss, déi awer schonn 1874 an de Besëtz vum Baron Charles-Joseph de Gargan koum. 1880 war hien de Matgrënner vum Hollerecher Walzwierk (Société Anonyme des Forges et Laminoirs de Luxembourg).

Gielchen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Naturalisatioun vum Gabriel Mayer am Memorial n°44 vun 1877 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-05-01.
  2. De Gabriel Mayer an enger Publikatioun vum Robert Philippart iwwer d'Villa Vauban. Do ass als Doudesdatum den 19. September 1905 ugi wärend am Luxemburger Wort vum 15. September 1905 den 10. September 1905 uginn ass. Archivéiert Versioun
  3. Civilstand der Stadt Luxemburg - Sterbefälle am Luxemburger Wort vum 15. September 1905
  4. Mémorial A N° 10 vum 18. Februar 1876 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen