De Fukurokuju ass eng a Japan veréiert Gottheet. Hie gëtt zu de siwe Glécksgëtter, de Shichi Fukujin, an de San Fukujin, de Gëtter vun der Gléckséilegkeet, gerechent.

Illustratioun vun ëm 1900

De Fukurokuju gëtt als Mann mat enger extreem héijer Stier duergestallt a mat engem Bengel un deem Schrëftrullen hänken.

Seng Begleeder sinn eng Deckelsmouk (Symbol fir e laangt Liewen) an eng Huergäns (Symbol fir Wäisheet).