De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

Fuererflucht oder Chauffersflucht ass am Lëtzebuerger Code de la route, wa bei engem Stroossenaccident mat materiellem oder kierperlechem Schued déi implizéiert Chaufferen oder aner Benotzer vun der ëffentlecher Strooss sech hire Verantwortungen an/oder Verflichtunge wëllen doduerch entzéien datt se sech aus dem Stëbs maachen. Dat Virgoen ass e Verstouss géint d'Reegele vum Code de la route, dat vum Strofgeriicht ka verfollegt ginn.[1]

Beim Laanschtfuere gouf de Réckspigel vum geparkte Gefier beschiedegt. Well de Fuerer weidergefuer ass ouni stoenzebleiwe schwätzt een hei vu Fuererflucht.

Originaltext aus dem Code de la route vum 18. September 2007 änneren

Tout usager de la voie publique qui, sachant qu'il a causé ou occasionné un accident, aura pris la fuite pour échapper aux constatations utiles, sera puni, même si l'accident n'est pas imputable à sa faute, d'un emprisonnement de huit jours à trois ans et d'une amende de 500 à 10.000 euros ou d'une de ces peines seulement.

Referenzen änneren

  1. [1] Dans ces conditions, le tribunal correctionnel compétent pour connaître de la poursuite d'un délit de fuite l'est également pour celles des contraventions au Code de la route qui y sont connexes. Cour 31 mars 1988, 27, 237.