Fromage de Herve

belsche Kéis

De Fromage de Herve, Kéis vun Herve, ass e belsche Kéis, deen zanter dem 15. Joerhonnert an den Häff an der Géigend, déi Pays de Herve genannt gëtt, produzéiert gëtt.

Fromage de Herve

Et ass e Kéis mat mëllem Deeg bannenan an enger gewäschener Kuuscht, deen aus réier oder pasteuriséierter Koumëllech op eng traditionell Aart a Weis gemaach gëtt. Well e bausse mat Salzwaasser ofgewäsch gëtt, kritt en e schaarfe Goût. Mat der Zäit kritt e baussen eng liicht schmiereg roudelzeg Fläch, déi vun de Bakteerien hierkënnt, déi en zeideg gi loossen. D'Kéiser ginn a méi oder manner wierfelfërmege Portioune vu 50, 100, 200 oder 400 Gramm verkaaft.

De Fromage de Herve ass hautdesdaags eng Appellation d'origine protégée, an deen eenzege belsche Kéis, deen déi Appellatioun huet.