Freaks ass en US-amerikanesche Film aus dem Joer 1932.

Freaks
DVD Cover 2004 vu Freaks
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1932
Première 1932
Dauer 64 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Tod Browning
Dréibuch Willis Goldbeck
Leon Gordon
Edgar Allan Woolff
Al Boasberg
Fotografie Merritt B. Gerstad
David S. Horsley
Musek Gavin Barns
Produzent Irving Thalberg
Produktiouns-
gesellschaft
Metro-Goldwyn-Mayer
Schauspiller
Wallace Ford: Froso
Leila Hyams: Venus
Olga Baclanova: Cleopatra
Roscoe Ates: Roscoe
Henry Victor: Hercules
Harry Earles: Hans
Daisy Earles: Frieda
Rose Dione: Madame Tetrallini
Daisy Hilton: Siameeseschen Zwilling
Violet Hilton: Siameeseschen Zwilling
Olga Roderick: Fra mat Baart
Johnny Eck: Mann ouni Ënnerläif
Prince Randian: Torso
Frances O'Connor: Meedchen ouni Äerm
Elvira Snow: Zip
Jennie Lee Snow: Pip
Schlitze: Schlitze
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Hans an d'Frida aus dem Zirkus Tetrallini hu sech gär. Den Hans huet awer och en A op d'Trapezkënschtlerin Cleopatra geworf. D'Cleopatra bestit sech da mat dem Liliputaner Hans, eleng wéinst dem Hans senge Suen.

Iwwer de Film änneren

Freaks as eent vun deenen aussergewéinlechste Wierker aus der Filmgeschicht.

D'Rolle vun de "Freaks" gi vu Mënsche gespillt déi wierklech déforméiert oder handicapéiert sinn. De Film ass awer a kengem Moment voyeuristesch. E probéiert och a kengem Moment d'Matleed beim Nokuckert fir déi anormal Acteuren ervirzeruffen. Et sinn och net d'Freaken déi als déi Béis am Film optrieden, mä déi wierklech Schlecht sinn am Fong geholl déi Normal, dat heescht, déi ouni kierperlech Gebriechen.

No iwwer 70 Joer beréiert de Film nach ëmmer, an en huet näischt vu senger Wierkung verluer. De Film ass an England 30 Joer verbuede gewiescht. Dem Tod Browning seng Carrière war no Freaks sou gutt wéi eriwwer, duerno ass hie vun de Filmstudioe boykottéiert ginn.

Freaks war bis elo bal nëmmen an engem Ciné-Club oder an enger Cinémathèque ze gesinn.

DVD-Tipp änneren

Am November 2004 koum de Film an enger exzellenter Fassung op DVD bei Warner Home Video eraus.

Um Spaweck änneren