Fratercula arctica

Vull aus der Famill vun den Alken

Fratercula arctica (och alt Papageitaucher wéi am Däitschen, oder Puffin wéi am Engleschen) ass en opfällege Vull aus der Famill vun den Alken (Alcidae). En ass liicht u sengem schwaarzwäisse Fiederkleed a sengem, besonnesch an der Bruttsaison, knallfaarwege Schniewel z'erkennen.

Fratercula arctica
Fratercula arctica

Fratercula arctica
Fratercula arctica
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Charadriiformes
Famill: Alcidae
Gattung: Fratercula
Aart: Fratercula arctica
Wëssenschaftlechen Numm
Fratercula arctica
Linnaeus, 1758

am Fluch
ënnerwee bei d'Nascht fir ze fidderen
Fratercula arctica arctica

Ausgesinn änneren

De Fratercula arctica gëtt 28 bis 34 cm grouss, huet eng Flillekespaanwäit vu 50 bis 60 cm a weit tëscht 300 a 700 g. E frësst virun allem Fësch. Am Wanter ass de Schniewel méi kleng, well am Hierscht déi baussenzeg Loen eroffalen. Dat geschitt net ëmmer an enger Kéier, an d'Déiere mussen da mat hirer Patt probéieren,, déi Placken erofzekrazen.

Virkommen änneren

E kënnt laanscht d'Küsten am Nordatlantik vir, bis un d'Grenz vum Polarmier, wou en a Kolonie britt, a selwer gegruewenen Hielen am Gras, um Bord vu géie Fielsküsten. Seele komme Papageiendaucher als Wantergäscht bis op d'belsch oder hollännesch Plage.

Déi gréisst Kolonie ass op Island ze fannen. Et gëtt der och op de schotteschen Inselen, den Hebriden, an Irland, op Grönland, Nova Zembla, Norwegen, Spitzbergen an op der Küst vun Nordamerika. Am Wanter zéie se no Süden, bis op d'Héicht vum Mëttelmier. Si verbréngen déi Zäit um Waasser.

Fortplanzung änneren

D'Bruttkolonien hunn e puer Dosende bis Dausende vu Koppelen. D'Weibche leet een Ee, och alt emol zwee, an eng Kaul. D'Eeër si liicht brong getëppelt a 6 cm laang. Si brauchen zwou Wochen, ier se (haaptsächlech duerch d'Weibchen) ausgebréit sinn.

Déi Kleng gi mat frësch gefaangene klenge Fësch gefiddert. Op engem bestëmmte Moment halen d'Elteren op mat Fidderen, an dat Jonkt muss sech selwer op d'Sich no Friesse maachen. Dat ass dee Moment, wou der vill d'Affer vu Friessfeinde ginn, wéi z. B. de Mantelméiwen.

Juegd änneren

Op verschiddene Plazen an Island an op de Faröerinselen ass et legal, Papageiendaucher ze fänken. Déi gebroden Déiere gëllen als Delikatess. Och hir Eeër kënne giess ginn; d'Déier wéi och d'Ee hunn e fëschelzege Goût.

Ënneraarten änneren

Et gëtt dräi Ënneraarten:

  • Fratercula arctica arctica
  • Fratercula arctica grabae
  • Fratercula arctica naumanni