Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Franz Joseph Karl aus dem Haus Habsburg-Loutrengen, gebuer de 12. Februar 1768 zu Florenz a gestuerwen den 2. Mäerz 1835 zu Wien, war als Franz II., vu 1792 bis 1806, de leschte réimesch-däitsche Keeser. Hien huet 1804 d'Keesertum Éisträich gegrënnt an huet et als Franz I. vun Éisträich bis zu sengem Doud regéiert.

Franz II.
Titelen
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Zäit vu 1792 bis 1806
Virgänger Leopold II.
Nofollger (d'Helleg Réimescht Räich gouf 1806 opgeléist)
Herzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1792 bis 1795
Virgänger Leopold II.
Nofollger (franséisch Herrschaft: Directoire)
Keeser vun Éisträich
Zäit 1804 bis 1835
Virgänger (gouf eréischt 1804 gegrënnt)
Nofollger Ferdinand I.
Biographie
Gebuer 12. Februar 1768
Florenz
Gestuerwen 2. Mäerz 1835
Wien
Bestuet mat Elisabeth vu Württemberg,
Maria Theresia vu Bourbon-Sizilien
Papp Leopold II. (HRR)
Geschwëster Karel vun Éisträich-Teschen
Kanner Marie-Louise vun Éisträich, Ferdinand I. vun Éisträich
Sigel vum Keeser Franz II.

Hie war vu 1792 bis 1835 ë. a. och Kinnek vu Béimen, Ungarn, Kroatien a Slawonien a vu 1792 bis 1795 Herzog vu Lëtzebuerg.

De Franz huet sech de 6. Januar 1788 zu Wien mat der Prinzessin Elisabeth (1767–1790) bestuet, enger Duechter vum Friedrich Eugen, Herzog vu Württemberg. D'Elisabeth, déi an aneren Ëmstänn war, ass schwaachgefall, wéi se hirem Mann säi Monni, de Keeser Joseph II., um Doudebett leie gesinn huet. Si hat eng Fréigebuert an ass den Dag drop gestuerwen. Hiert Kand, d'Äerzherzogin Louise Elizabeth, ass de 24. Juni 1791 gestuerwen.

Am zweete Bestietnes gouf de Franz 1790 zu Wien mat der Maria Theresia vu Bourbon-Sizilien (1772–1807) bestuet, enger Duechter vum Ferdinand I. vu Sizilien an der Maria Karolina vun Éisträich.

Um Spaweck änneren

Commons: Franz II. (HRR) – Biller, Videoen oder Audiodateien