Frantz Heldenstein

lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sculpteur François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Heldenstein.

De Frantz oder François Heldenstein gebuer de 15. Mee 1892 zu Colmer-Bierg a gestuerwen de 27. Mäerz 1975 zu Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.[1]

Frantz Heldenstein
Gebuer 15. Mee 1892
Colmer-Bierg
Gestuerwen 27. Mäerz 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur, Architekt
Famill
Geschwëster Willy Heldenstein
Kanner Huguette Heldenstein

Bei den VIII. Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis krut hie bei de Konschtkompetitioune fir seng Skulptur, Vers l'Olympiade, eng Sëlwermedail.

1920 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Hie war de Brudder vum Willy Heldenstein. Seng Eltere waren den Henri Alphonse Victor Heldenstein (*23.12.1856) an d'Helene Settegast, déi sech de 15. Juli 1889 an der Stad bestuet haten. Säi Grousspapp war den Apdikter a Moler Franz Heldenstein.[2]

Olympesch Reng
Olympesch Reng
Konschtkompetitiounen
Sëlwer 1924 Skulptur

Referenzen änneren

  1. De Frantz Heldenstein op der Websäit sports-reference.com
  2. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 691-692.
    Escher Tageblatt 1918, Nr. 190 (9. Juli), S. 3 (Kunstverein: …Enkel von Papa Franz Heldenstein…). [1]

Kuckt och änneren