Frank Zappa

US-amerikanesche Museker a Komponist

De Frank Vincent Zappa, gebuer den 21. Dezember 1940 zu Baltimore, Maryland, a gestuerwen de 4. Dezember 1993 zu Laurel Canyon, Kalifornien, war en US-amerikanesche Museker a Komponist. Den Zappa huet sech en eegene musikaleschen Universum aus enger Mëschung vu Rockmusek, psychedeleschem Rock, Jazz, experimenteller Musek an zäitgenëssescher Klassik, vermëscht mat engem gudde Schotz De-Geck-mat-sech-selwer-Maachen, Humor a Performance-Konscht, zesummegesicht.

Frank Zappa
Gebuertsnumm Frank Vincent Zappa
Gebuer 21. Dezember 1940
Baltimore
Gestuerwen 4. Dezember 1993
Los Angeles
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Komponist, Synchronspriecher, Rockmuseker, Museksproduzent, Lidderschreiwer, Dréibuchauteur, Schauspiller, Journalist, Museker, Filmproduzent, Filmregisseur
Partei Demokratesch Partei

Geschicht änneren

Den Zappa huet uganks vun den 1960er Joren ugefaangen, Musek ze spillen. An där Zäit huet hien dacks mam Captain Beefheart zesumme gespillt. Seng éischt professionell Opname waren d'Soundtracke vun de B-Filmer The World's Greatest Sinner a Run Home Slow. An der Mëtt vun den 1960er Jore gouf hien de Gittarist vun der Grupp The Soul Giants. Geschwënn duerno gouf hien de "Chef" an huet d'Band an "The Mothers" ëmbenannt. D'Mothers kruten e Kontrakt bei Verve Records, an hu sech missen an The Mothers of Invention ëmbenennen, well Mother eng Slang-Ofkierzung vu motherfucker war (an am Sënn vu "gutt Museker" gebraucht gouf). 1966 koum den éischten Album vun der Band, Freak Out!, eraus.

Nieft der Rockmusek war den Zappa ëmmer och um Komponéiere vun zäitgenëssescher klassescher Musek intresséiert. Seng Plack Lumpy Gravy vun 1967 war eng éischt Verëffentlechung an déi Richtung. An den 1970er Joren huet hie sech an der éischter Hallschent méi a Richtung Jazz, duerno a Richtung Rock orientéiert, mä Orchestral Favorites (1979) a seng zwou Placke mam London Symphony Orchestra (Vol. 1 (1983) en Vol. 2 (1987)) waren däitlech modern-klassesch Wierker. 1984 koum The Perfect Stranger eraus, wourop de Pierre Boulez mat sengem Ensemble InterContemporain Kompositioune vum Frank Zappa dirigéiert huet.

Virbiller vum Zappa waren den Edgar Varèse, de Karlheinz Stockhausen, Igor Strawinsky an den Anton Webern. Säi musikalesche Stil zeechent sech aus duerch onreegelméisseg a séier Tempi-wiessel, parodistesch Zitater vu Stiler oder Melodien, déi agebaut goufen, oder méi generell doduerch, datt seng Musek a keen eendeitege Stil aklasséiert ka ginn.

Wann en net op Tournée war, huet den Zappa deeglaang a sengem Studio verbruecht, wou en u sengen Opname geschafft a gefeilt huet. Hien huet reegelméisseg nei Konzepter oder Erfindungen an- an ëmgesat: Sou war hien, nom Bob Dylan (Blonde on blonde) deen Zweeten iwwerhaapt, deen eng Duebel-LP erausbruecht huet. Hien huet, ausser deenen zwee éischten, all seng Albume selwer produzéiert, an hat ëmmer dat Modernst vun Opnam-Maschinnen dat et gouf.

D'Texter vu senge Stécker hunn dacks kritesch zu politeschen oder gesellschaftlechen Theeme Stellung geholl, zum groussen Deel op eng ironesch bis sarkastesch Anerweis. Hien huet a sengen Texter géint de Krich a géint fundamentalistesch reliéis Priedeger geäussert, och allgemeng géint Klengkaréiertheet, Dommheet a (Moude)beweegungen, (Hippien, Discomusek,...) deenen d'Leit onkritesch nolafen. Aner Texter hu skuril bis surreal Welte geschaf, déi op glungenen (och alt emol sexuellen) Erliefnesser déi him oder engem Member aus senger Band geschitt sinn, baséieren. Verschidden Albumen (200 Motels, Joe's Garage 1, 2-3; Thing Fish) waren als Musical geduecht.

1985 huet de Frank Zappa um Kongress-Hearing geschwat, dee vum PMRC (Parents' Music Resource Center) organiséiert gouf, wou ë. a. d'Tipper Gore, d'Fra vum Al Gore, aktiv war. D'PMRC huet der Musekindustrie virgeworf, si géif d'amerikanesch Jugend mat "Sex, Gewalt, a Verheerlechung vun Drogen a Gewalt" verdierwen. Den Zappa huet sech bei deem Hearing fir d'musikalesch Fräiheet agesat a probéiert, dem PMRC seng Argumenter ad absurdum ze féieren an ze widderleeën. Op sengem Album FZ meets the Mothers of Prevention vun 1985 huet hien déi Episod musikalesch "verschafft".

1992 huet hien ugekënnegt, e wéilt Kandidat fir d'Presidentschaft vun den USA ginn ("Kuckt de Reagan: Kéint ech et schlëmmer maachen??" sot en an engem Interview). Geschwënn duerno huet en awer seng Kandidatur zeréckgezunn an ass duerno kaum nach opgetrueden an huet sech op d'Komponéieren, d'Ophuele vu Stécker mam Synclavier an d'Editéiere vu Live-Concertsmatschnëtter konzentréiert. En hat nämlech Prostatakriibs diagnostizéiert kritt, un deem en dann och Enn 1993 gestuerwen ass. Déi lescht CD, déi zu senge Liefzäiten erauskoum, war The Yellow Shark (1993) déi vum däitschen Ensemble Modern agespillt a vum Zappa dirigéiert gi war.

De Frank Zappa zielt haut zu deene wichtegste Komponiste vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert, an engem vun de grousse Rock-Gittaristen.

Den Zappa war zanter 1967 mat der Gail Zappa bestuet, déi eng Zort Comptabel a Managerin vun him war. Zesummen hate se 4 Kanner:

D'Jongen Dweezil an Ahmet si selwer Museker. Den Dweezil publiziéiert hautdesdaags dem Papp seng Wierker, déi bis ewell net verëffentlecht goufen a geet mat der Band Zappa plays Zappa op Tournée, wou e mat jonke Museker an och där, déi scho mam Frank Zappa zesumme gespillt hunn (Napoleon Murphy Brock, Steve Vai an Terry Bozzio), Wierker vum Frank Zappa opféiert.

 
Tickete vun den 2 Concerten zu Lëtzebuerg

De Frank Zappa ass am Kader vu sengen Europa-Tournéeën zweemol zu Lëtzebuerg opgetrueden: de 15. Juni 1982 an der Déifferdenger Sportshal an de 27. September 1984 an der Victor-Hugo-Hal um Stater Lampertsbierg.

Discographie änneren

  • 1966: Freak Out!
  • 1967: Absolutely Free
  • 1968: We're Only In It For The Money
  • 1968: Lumpy Gravy
  • 1968: Cruising With Ruben & The Jets
  • 1969: Uncle Meat
  • 1969: Mothermania (Kompilatioun)
  • 1969: Hot Rats
  • 1969: Burnt Weeny Sandwich
  • 1970: Weasels Ripped My Flesh
  • 1970: Chunga's Revenge
  • 1971: Fillmore East - June 1971
  • 1971: 200 Motels
  • 1972: Just Another Band From L.A.
  • 1972: Waka/Jawaka
  • 1972: The Grand Wazoo
  • 1973: Over-Nite Sensation
  • 1974: Apostrophe (')
  • 1974: Roxy & Elsewhere
  • 1975: One Size Fits All
  • 1975: Bongo Fury
  • 1976: Zoot Allures
  • 1978: Zappa In New York
  • 1978: Studio Tan
  • 1979: Sleep Dirt
  • 1979: Sheik Yerbouti
  • 1979: Orchestral Favorites
  • 1979: Joe's Garage
  • 1981: Tinseltown Rebellion
  • 1981: Shut Up 'N' Play Yer Guitar
  • 1981: You Are What You Is
  • 1982: Ship Arriving Too Late to Save a Drowning Witch
  • 1983: The Man From Utopia
  • 1983: Baby Snakes
  • 1983: London Symphony Orchestra, Vol. 1
  • 1984: Boulez Conducts Zappa: The Perfect Stranger
  • 1984: Them or Us
  • 1984: Thing-Fish
  • 1984: Francesco Zappa
  • 1985: Frank Zappa Meets the Mothers of Prevention
  • 1986: Does Humor Belong in Music
  • 1986: Jazz From Hell
  • 1987: London Symphony Orchestra, Vol. 2
  • 1988: Guitar
  • 1988: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 1
  • 1988: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 2
  • 1988: Broadway the Hard Way
  • 1989: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 3
  • 1991: The Best Band You Never Heard in Your Life
  • 1991: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 4
  • 1991: Make A Jazz Noise Here
  • 1991: Beat the Boots
  • 1992: Beat the Boots II
  • 1992: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 5
  • 1992: You Can't Do That on Stage Anymore, Vol. 6
  • 1992: Playground Psychotics
  • 1993: Ahead Of Their Time
  • 1993: The Yellow Shark

Posthum

  • 1994: Civilization, Phaze III
  • 1995: Strictly Commercial (Kompilatioun)
  • 1996: The Lost Episodes
  • 1996: Läther
  • 1996: Frank Zappa Plays the Music of Frank Zappa: A Memorial Tribute
  • 1997: Have I Offended Someone?
  • 1997: Strictly Genteel (Kompilatioun)
  • 1998: Mystery Disc
  • 1998: Cheap Thrills (Kompilatioun)
  • 1998: Son of Cheep Thrills (Kompilatioun)
  • 1999: Everything Is Healing Nicely
  • 2002: FZ:OZ
  • 2003: Halloween (DVD-A)
  • 2004: Joe's Corsage
  • 2004: QuAUDIOPHILIA] (DVD-A)
  • 2004: Joe's Domage
  • 2005: Joe's XMAsage
  • 2006: Imaginary Diseases
  • 2006: Trance-Fusion
  • 2006: The MOFO Project/Object
  • 2006: The Frank Zappa AAAFNRAA Birthday Bundle
  • 2007: Buffalo
  • 2007: Wazoo
  • 2008: One Shot Deal
  • 2008: Joe's Menage
  • 2008: The Frank Zappa aaa.FNR.aaa Birthday Bundle
  • 2009: Lumpy Money

Bicher änneren

Vum Zappa:

  • Zappa, Frank & Peter Occhiogrosso (1989) The real Frank Zappa book. New York: Simon & Schuster. ISBN 0-671-70572-5

Iwwer den Zappa:

  • Charlesworth, Chris (red) (1993) Frank Zappa in his own words. London: Omnibus Press. ISBN 0-7119-3100-3
  • Gray, Michael (1994) Mother! The real Frank Zappa story. London: Plexus. ISBN 0-85965-217-3
  • Watson, Ben (1994) Frank Zappa: the negative dialectics of poodle play. London: Quartet. ISBN 0-7043-0242-X

Video-Reportage änneren

  • Ein Leben als Extravaganza - Das Genie Frank Zappa Written & Directed by Rudi Dolezal & Hannes Rossacher (DoRo, 1993, approx. 55 min.)

Um Spaweck änneren

Commons: Frank Zappa – Biller, Videoen oder Audiodateien