Franco Pacini

italieeneschen Astrophysiker

De Franco Pacini, gebuer den 10. Mee 1939 zu Florenz a gestuerwen de 25. Januar 2012 och do, war en italieeneschen Astrophysiker.

Franco Pacini
Gebuer 10. Mee 1939
Florenz
Gestuerwen 25. Januar 2012
Florenz
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit vu Pisa,
Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei, Academia Europaea, International Astronomesch Unioun

De Pacini hat d'Schoul zu Urbino gemaach an zu Pisa a Roum Physik studéiert, wou hien 1964 graduéiert hat. Vun 1967 bis 1973 war hien op der Cornell University a vun 1975 bis 1978 war hie Mataarbechter vum ESO, duerno Professer fir Astrophysik op der Universitéit vu Florenz a Leeder vum Observatoire vun Arcetri.

1967 postuléiert de Pacini, datt staark magnetiséiert Neutronestären hir Rotatiounsenergie ofgi kéinten an e staarke Floss u relativisteschen Deelercher produzéieren. D'Entdeckung vun de Pulsaren e puer Méint méi spéit, huet seng Theorie bestätegt.

De Pacini war Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei, Associate Member of the Royal Astronomical Society a Member vun der American Astronomical Society. 1997 krut hien de Präis vun der italieenescher Regierung fir Wëssenschaften (Premio della Presidenza del Consiglio per la Scienza). Vun 2001 bis 2003 war hie President vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU).

Den Asteroid (25601) Francopacini gouf no him genannt.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie