Fran Drescher

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Fran Drescher, gebuer als Francine Joy Drescher den 30. September 1957 zu Flushing am Quartier Queens zu New York City, ass eng US-amerikanesch Film- a Serieschauspillerin, Humoristin, Produzentin a Schrëftstellerin. Si war fir den Emmy Award an de Golden Globe nominéiert. Si gouf duerch d'Serie The Nanny (1993-1999) bekannt.

Fran Drescher
Gebuertsnumm Francine Joy Drescher
Gebuer 30. September 1957
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Televisiounsmoderateur, Charakterschauspiller, Synchronspriecher, Sänger, Theaterschauspiller, Televisiounsproduzent
Partei Demokratesch Partei

Biographie änneren

D'Fran Drescher gouf 1957 an der Stad New York als zweet Meedche vun Eltere mat russeschen, jiddeschen an italieeneschen Originne gebuer. Si ass mat hirer méi aler Schwëster am Quartier Queens opgewuess an do och an de Lycée gaangen gaangen. Do huet si och hire spéidere Mann de Peter Marc Jacobson kennegeléiert. 1975 huet si hiren Ofschloss gemaach an ass duerno op de Queens College Schauspillerei studéiere gaangen. Wëll si niewelaanscht och op eng Kosmetikschoul gaangen ass, huet se net laang duerno hiren eegene Coifferssalon opgemaach. Si ass reegelméisseg op Filmcastinge gaangen, mä ouni grousse Succès bis 1977, wou s'eng kleng Roll nieft dem John Travolta a Saturday Night Fever ugebuede krut. D'Joer drop krut se hir éischt grouss Roll am Film American hot wax mam Jay Leno. Wéinst hirer Carrière als Schauspillerin ass se kuerz drop op Los Angeles geplënnert, wou se se sech mam Peter Marc Jacobson bestuet huet.

Duerno huet d'Fran Drescher nach a villen Tëleesfilmer matgemaach, ënner anerem an This is Spinal Tap (1984) an UHF (1989), bis se 1993 mat hirem Mann d'Serie The Nanny kreéiert huet, déi bis 1999 um Sender CBS gelaf ass. Dobäi handelt et sech ëm eng Sitcom, an där d'Haaptroll déi vun engem opgedréinte Kannermeedchen ass, dat mat onkonventionelle Methoden engem brittesche Broadwayproduzent seng dräi Kanner erzitt. D'Fran Drescher huet an där Serie net nëmmen d'Haaptroll gespillt, mä war och als Produzentin an als Dréibuchautorin aktiv.

The Nanny huet d'Fran Drescher zu engem Star gemaach, a sou huet si och nach a villen anere Filmer matgespillt a war dacks an Talkshowen invitéiert. Hir Autobiographie Enter Whining vun 1995 hat ee gewësse Succès, an 1996 gouf se vum People Magazine ënner eng vun de fofzeg schéinste Persounen op der Welt gewielt.

Nom Enn vun The Nanny war d'Fran Drescher nach an e puer anere Filmer ze gesinn, zum Beispill am Joer 2000 am Picking Up the Pieces mam Woody Allen. Am selwechte Joer gouf bei hir Gebärmutterkriibs diagnostizéiert, mä well e schonn am éischte Stadium erkannt gouf, huet eng Operatioun ouni Chimiotherapie der Krankheet ofgehollef. Iwwer déi Erfarung huet s'an hirem zweete Buch, Cancer Schmancer, geschriwwen. 2007 huet s'eng karitativ Organisatioun mam selwechten Numm gegrënnt, déi als Zil huet, datt Kriibs bei Fraen éischter entdeckt soll ginn.

2005 war d'Fran Drescher erëm an der Fernseeserie Living with Fran um Sender The WB ze gesinn, déi awer no zwou Staffelen erëm ofgesat gouf. Duerno hat se vill Gaaschtrollen a bekannte Serien, wéi Law & Order: Criminal Intent, Good Morning, Miami, The Simpsons, …

Hir Dagestalkshow The Fran Drescher Show ass 2010 no enger Testphas vun dräi Wochen net weidergefouert ginn. Tëscht 2011 an 2013 hat si d'Haaptroll an der Sitcom Happily Divorced, déi iwwer zwou Staffele gelaf ass. Duerno hat si Gaaschtoptrëtter an anere Sendungen, an erëm gréissere Succès als Spriecherin vum Eunice, der Braut vum Frankenstein am Animatiounsfilm Hotel Transylvania (2012) an den dräi Nofollgerfilmer.

Eréischt 2020 hat si nees eng reegelméisseg Roll an enger Televisiounssendung, an der Sitcom Indebted. Déi gouf awer no 12 Episoden net fir eng zweet Staffel erneiert.

Am September 2021 gouf si zur Presidentin vun der Gewerkschaft SAG-AFTRA gewielt, déi ronn 160.000 Aarbechter am Beräich Film, Televisioun a Radio vertrëtt.[1] An där Funktioun huet si de Streik vun den amerikanesche Schauspiller geleet, deen de 14. Juli 2023 ugefaangen huet.

Filmographie (Auswiel) änneren

 
D'Fran Drescher mam Bill Clinton um Life Ball 2009 zu Wien

Filmer änneren

  • 1977: Saturday Night Fever
  • 1978: American Hot Wax
  • 1978: Summer of Fear, och nach bekannt als Stranger In Our House
  • 1980: Gorp
  • 1980: The Hollywood Knights
  • 1981: Ragtime
  • 1983: Doctor Detroit
  • 1984: The Rosebud Beach Hotel
  • 1984: This Is Spinal Tap
  • 1984: Young Lust
  • 1988: Big
  • 1989: It Had to Be You
  • 1989: UHF
  • 1989: The Big Picture
  • 1990: Wedding Band
  • 1990: Cadillac Man
  • 1992: We're Talking Serious Money
  • 1994: Car 54, Where Are You?
  • 1996: Jack
  • 1997: The Beautician and the Beast
  • 2000: Kid Quick (Kuerzfilm)
  • 2000: Picking Up the Pieces
  • 2003: Beautiful Girl
  • 2005: Santa's Slay
  • 2007: Shark Bait (Stëmm)
  • 2010: Mindwash. The Jake Sessions (Stëmm)
  • 2012: Hotel Transylvania (Stëmm)
  • 2015: Hotel Transylvania 2 (Stëmm)
  • 2018: The Creatress
  • 2018: Hotel Transylvania 3: Summer Vacation (Stëmm)
  • 2019: After Class
  • 2020: The Christmas Setup
  • 2022: Hotel Transylvania: Transformania (Stëmm)

Televisiounsserien änneren

  • 1982: Fame (1 Episod: Metamorphosis)
  • 1986: Charmed Lives (4 Episoden, no 4 Méint erëm ofgesat)
  • 1991: Princesses (no 8 Episoden erëm ofgesat)
  • 1993-1999: The Nanny (26 Episoden)
  • 2004: Strong Medicine (1 Episod: "Cinderella in Scrubs")
  • 2005-2006: Living with Fran (26 Episoden)
  • 2005: What I Like About You (1 Episod: "Girls Gone Wild")
  • 2006: The Simpsons (1 Episod: "Treehouse of Horror XVII")
  • 2006: Law & Order: Criminal Intent (1 Episod: "The War at Home")
  • 2007: Thank God You're Here
  • 2008: Entourage (1 Episod: "The All Out Fall Out")
  • 2010: Glenn Martin, DDS (Stëmm, 1 Episod: "Dad News Bears")
  • 2010: The Fran Drescher Show (Moderatorin; 15 Episoden)
  • 2011-2013: Happily Divorced (34 Episoden)
  • 2019: Welcome to the Wayne (1 Episod: "Welcome to the Wassermans")
  • 2020: Indebted (12 Episoden)
  • 2022: Mr. Mayor (1 Episod: "Trampage")

Um Spaweck änneren

Commons: Fran Drescher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. vanityfair.com: Fran Drescher, Newly Elected President of SAG-AFTRA, Is Thinking Big (26. Januar 2022)