François Faber

Lëtzebuergesche Vëlossportler

De François Faber gebuer de 26. Januar 1887 zu Aulnay-sur-Iton, an op der franséischer Front gefall den 9. Mee 1915 zu Carency[1], war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

François Faber
Gebuer 26. Januar 1887
Aulnay-sur-Iton
Gestuerwen 9. Mee 1915
Mont-Saint-Éloi
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Gréisst 180 Zentimeter
Gewiicht 91 kg
Veräin/Ekipp Alcyon,
Labor,
Peugeot,
Automoto,
Peugeot
D'Arrivée vum Tour de France 1910, wou en Zweete ginn ass
Erënnerungsplack am Park vun der Stad Lëtzebuerg.

Dem François Faber säi Papp, de Jean-Pierre Faber, war e gebiertege Wëlzer, seng Mamm Marie Paul koum aus Loutrengen. D'Famill huet nach e puer Joer zu Wolz gewunnt an ass duerno op Colombes, e Faubourg vu Paräis, geplënnert, wou säi Papp als Terrassier geschafft huet. Duerch e fréiert Bestietnes vu senger Mamm hat en nach zwéin Hallefbridder, de Jules Schlepp an den Ernest Paul, deen zesumme mat him a sengen Eltere mat zu Colombes gewunnt huet an och Vëloscoureur war.

1909 huet de François Faber déi franséisch Nationalitéit opginn. Hien hat eenzeg an eleng fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit optéiert fir net an d'franséisch Arméi brauchen ze goen.

Zu Courbevoie, op der Seine, war hien Docker an huet d'Schëffer ofgelueden. Den 1. August 1909 huet hien als éischten Net-Fransous den Tour de France gewonnen, wat him an der franséischer Press den Titel Le géant de Colombes abruecht huet. Wéi hie seng éischt Course gewonnen hat, gouf hien an der franséischer Press als Fransous opgelëscht. Hie war tatsächlech seelen zu Lëtzebuerg, an dann ëmmer nëmme fir eng ganz kuerz Zäit, fir seng Pabeieren an d'Rei ze maachen.

Am Ganzen huet de François Faber 19-mol eng Etappe vum Tour de France gewonnen. 1908 an 1910 gouf en Zweete beim Tour. Aner Courssen, déi e gewonnen huet, waren de Tour vun der Lombardei (1908), d'Course Paräis - Roubaix, (1913), Paräis - Tours (1909, 1910), Paräis - Bréissel (1909) a Bordeaux - Paräis (1911).

20 Deeg nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, den 22. August 1914, huet hie sech, grad wéi 3000 aner Lëtzebuerger, an d'Friemelegioun gemellt. Am Oktober ass e mat sengem Regiment un d'Front komm. E war e puer Méint zu Soissons stationéiert, duerno zu Acq an zu Mont-Saint-Éloi. De 5. Mee 1915 krut en d'Noriicht, datt seng Fra Eugénie säin eenzegt Kand, e Meedchen (Raymonde), op d'Welt bruecht hat. Den 9. Mee ass en zu Carency bei der Bataille de l'Artois déidlech blesséiert ginn. Säi Kierper ass dobäi verschwonnen an ni erëmfonnt ginn. Den 10. Mee 1918 gouf e vum Tribunal de la Seine offiziell fir dout erkläert..

An der Nekropol Notre-Dame-de-Lorette, dem gréisste franséische Militärkierfecht zu Ablain-Saint-Nazaire am Departement Pas-de-Calais, gouf eng Plack mat sengem Numm als Erënnerung un hien ubruecht.[2].

Palmarès

1906 (Labor)

1907 (Labor)

1908 (Peugeot)

1909 (Alcyon)

1910 (Alcyon)

1911 (Alcyon)

1912 (Automoto)

1913 (Peugeot (F)& Safir (B)

1914 (Peugeot-Wolber)

Literatur zum Theema

Postum Éierungen

  • Cité à l'ordre de la division avec croix de guerre 1914 – 1918.
  • Médaille militaire à titre posthume am Journal officiel vum 24. Mee 1922.
  • Erënnerungsplack: D'Plack ass als éischt de 15. August 1924 am fréiere Vëlodrom um Belair ageweit ginn, 1937 koum se bei de Stadion op der Areler Strooss, ier se 1993 am Stater Park opgehaange gouf.

Fir un de François Faber z'erënnere goufen no him genannt:

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: François Faber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Deeselwechten Dag ass och op der Front zu Saint-Éloi nach e Lëtzebuerger mat dem selwechten Numm gefall, an zwar de François Faber gebuer zu Beggen de 17. Februar 1892, am Rang vun engem Kaperol.
  2. Luxemburger Wort vum 11. Juli 2014, S. 36-37: 100 Jahre nach Ausbruch des Ersten Weltkriegs: Tour gedenkt gefallenen Helden

Quell