François Boch
De François Boch[1],[2], gebuer 1700, a gestuerwen 1754, war en industrielle Pionéier. Hien huet zu Lëtzebuerg d'Faïence-Industrie opgebaut.
François Boch | |
---|---|
Gebuer | 1700 |
Gestuerwen | 1754 |
Aktivitéit | Handwierker, Geschäftspersoun |
Hie war am Ufank Eisegéisser a Waffeschmadd an huet ënner anerem Kanounekugele gegoss. 1748 huet en zu Däitsch-Oth eng Parzeläinsmanufaktur zesumme mat senge Bridder opgeriicht mam Numm "Jean-François Boch et Frères", aus där spéider Villeroy & Boch entstanen ass.
De François Boch war mat der Jeanne Françoise Barbe Pierre bestuet, déi 1746 gestuerwen ass.
Kuckt och änneren
Referenzen änneren
- ↑ Genealogie vun der Famill Boch Archivéiert op 2010-07-29. Gekuckt de(n) 2009-08-29.
- ↑ Websäit vun der Faiencerie