François Benoy

lëtzebuergesche Politiker a Politolog


De François Benoy, gebuer de 7. Februar 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker a Politolog.

François Benoy
Gebuer 7. Februar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Politolog, Politiker
Partei déi gréng

Formatioun a Karriär änneren

De François Benoy huet vun 2004 bis 2009 Politikwëssenschaften a Soziologie op den Universitéite vun Heidelberg a Lausanne studéiert an huet säi Studium mat engem Magister Artium ofgeschloss[2]. A sengem Memoire goung et ëm d'politesch Exklusioun vun Auslänner an Negociatiounsdemokratien[3].

Tëscht 2005 an 2011 huet hien niewen- an duerno haaptberufflech als Journaliste-présentateur an der Noriichteredaktioun vun RTL geschafft. Tëscht 2011 an 2018 huet hien als Coordinateur bei Natur&ëmwelt geschafft.

Politesch Karriär änneren

De François Benoy ass säit 2011 Member an der Partei déi gréng[2]. Hien ass souwuel an der nationaler wéi an der kommunaler Politik engagéiert.

Hien ass och Member vum Exekutivkommitee vun der Partei déi gréng[4].

Gemengepolitik änneren

Tëschent 2012 an 2018 war de François Benoy President vun der Lokalsektioun vun déi gréng an der Stad.

Hien ass zanter dem 9. Dezember 2013 fir déi gréng am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Säit Dezember 2018 ass hie Fraktiounschef vun déi gréng am Stater Gemengerot, nodeems dës, no engem Koalitiounswiessel, gréisst Oppositiounspartei am Gemengerot gouf.

 
De François Benoy bei enger Presentatioun vu senger Propose fir en zesummenhängende Vëlospistereseau an der Stad.

Hien ass Member an der Finanz-, an der Urbanismus- an an der Mobilitéitskommissioun vun der Stad an zanter 2014 am Comité vum Drénkwaassersyndikat SEBES.[5]

 
De François Benoy op enger Pressekonferenz.

National Politik änneren

 
De François Benoy bei enger Ried an der Chamber.

Hie war 2013 fir d'éischt Kandidat bei de Chamberwalen, ouni datt hien an d'Chamber gewielt gouf. Dat éischt Chambermandat krut hie bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018.

Wärend deem Mandat war hie President vun der Ëmwelt-, Klima-, Energie- a Landesplanungskommissioun[6]. Hie war Raporteur vum Budgets-Projet 2021[7].

Privatliewen änneren

De François Benoy ass bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hie wunnt zu Bouneweg[8].

Hien ass säit senger Kandheet Scout an engagéiert sech och haut nach als President vun de Frënn vum Scoutsgrupp LGS Belair.

Um Spaweck änneren

Commons: François Benoy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  • Quell, wou net anescht uginn: Websäit vum François Benoy, gekuckt de 16. Oktober 2018
  1. Portrait vum François Benoy op der Websäit vun der Gemeng Lëtzebuerg, gekuckt de 16. Oktober 2018
  2. 2,0 2,1 François Benoy | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-01.
  3. François Benoy | Deputé et Conseiller communal de la Ville de Luxembourg. François Benoy. Gekuckt de(n) 2022-04-01.
  4. Organisation du parti. greng.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-01.
  5. François Benoy | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2019-11-05.
  6. Chambre des Députés, Fiche signalétique: François Benoy. Gekuckt de(n) 01.04.2022.
  7. François Benoy nommé rapporteur du budget 2021. Luxemburger Wort - Edition francophone (2020-07-20). Gekuckt de(n) 2022-04-01.
  8. François Benoy | Paperjam Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-01.