De Fréjus-Tunnel (fr:Tunnel du Fréjus, it: Traforo stradale del Frejus) ass e Stroossentunnel deen Italie mat Frankräich verbënnt. E geet ënner der Spëtz vum Col du Fréjus erduercht. Seng Entrée a Frankräich ass bei Modane an e kënnt an Italie bei Bardonecchia erëm aus dem Bierg eraus.

Den Tunnel ass 12 895 Meter laang, an et gouf vun 1974 bis 1980 dru geschafft. Den 12. Juli 1980 goung e fir de Verkéier op.

Den Tunnel huet an där Zäit ronn 2 Milliarde franséisch Frange kascht, a gouf vun der SFTRF gebaut.

Duerch de Bau vum Tunnell ass de gréissten Deel vun Ferroutage duerch den Tunnel vum Mont-Cenis ewechgefall.

Nom Accident am Mont-Blanc Tunnel am Joer 1999, géifen d'Sécherheetsmoossname vill verbessert. Trotzdeem koum et de 4. Juni 2005 zu engem Brand am Tunnel, deen zwéi slowakesche Camionneuren d'Liewe kascht huet. Duerno war den Tunnel bis de 4. August 2005 zou.

Op der franséischer Säit kënnt een an den Tunnel iwwer d'A 43, an op der aner Säit iwwer d'italieenesch Autostrada 32. Am Joer 2006 war et de fënneftlängste Stroossentunnel vun der Welt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren