De Fréijoersufank, also den Ufank vun der Joreszäit Fréijoer, kann entweeder astronomesch, meteorologesch oder phenologesch bestëmmt ginn.

Den Himmelsequator Huet eng Inklinatioun vun ëm déi 23.5° zu der Ekliptik. D'Schnëttpunkte sinn d'Equinoxen

Nordhallefkugel änneren

Astronomesch gëtt op der Nordhallefkugel duerch d'Primar-Equinoxe festgeluecht. Den Zäitpunkt um Kalennner variéiert a fält, ofhängeg ënner anerem vun der Distanz zum leschte Schaltjoer, op den 19., 20. oder 21. Mäerz.

Joer Primar-Equinoxen
2010 20. Mäerz 18:32 MEZ
2011 21. Mäerz 0:21 MEZ
2012 20. Mäerz 6:14 MEZ
2013 20. Mäerz 12:02 MEZ
2014 20. Mäerz 17:57 MEZ
2015 20. Mäerz 23:45 MEZ
2016 20. Mäerz 5:30 MEZ
2017 20. Mäerz 11:29 MEZ
2018 20. Mäerz 17:15 MEZ
2019 20. Mäerz 22:58 MEZ
2020 20. Mäerz 4:50 MEZ

Meteorologesch läit de Fréijoersufank op der Nordhallefkugel vun der Äerd um Ufank vum Mount, den 1. Mäerz. De meteorologesche Fréijoersufank gouf vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (World Meteorological Organisatioun, WMO), enger Ënnerorganisatioun vun der UN, festgeluecht. Sou gi jeeweils dräi Méint de Joreszäiten zougerechent. Dezember, Januar a Februar sinn d'Wanterméint, d'Fréijoer ëmfaasst d'Méint Mäerz, Abrëll a Mee. Op déi Aart a Weis kënnen d'Statistiken (wéi z. B. d'Mëttelwäerter vun de Méint) an d'Klima méi liicht matenee verglach ginn.

Phenologesch deelt sech d'Fréijoer a Mëtteleuropa an dräi Phasen:

De phenologesche Fréijoerufank wiesselt net nëmme mat der geographescher Längt a Breet, mä och mat der Héicht, mat de grousse Klimagebidder an och mat de klengraimege Klimaverhältnesser. Sou fänken déi eenzel Fréijoersphasen a geschützte Lage vun de Stied dacks éischter u wéi um fräie Feld.

Literatur änneren

  • Christian Seiffert, Richard Keller: Der Garten in den Jahreszeiten. BLV Verlagsgesellschaft, München Wien Zürich 1983, ISBN 3-405-12835-8

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  • [1] D'Apelbléi

Referenzen änneren