Fräimaurerei

(Virugeleet vu(n) Fräimaurer)

D'Fräimaurerei ass eng philanthropesch, philosophesch a fortschrëttlech Institutioun, déi d'Sich no der Wourecht, de Studium vun der Moral an d'Praxis vun der Solidaritéit als Zil huet.

Wénkel an Zierkel, d'Symboler vun de Fräimaurer

Si setzt sech fir déi materiell, moralesch, intellektuell a sozial Verbesserung vun der Mënschheet an a baséiert um Prinzip vun der géigesäiteger Toleranz, dem Respekt virun aneren a viru sech selwer, an op der absolutter Gewëssensfräiheet.

D'Fräimaurerei respektéiert déi individuell Wäertschätzung vun hire Memberen a formuléiert keen Dogma.

Hire Motto ass: Fräiheet, Gläichheet, Bridderlechkeet. Hir Aufgab ass et, all d'Membere vun der Mënschheet an dee bridderlechen Zesummenhalt z'integréieren, deen d'Fräimaurer op der ganzer Welt vereent.

D'Fräimaurerei zu Lëtzebuerg änneren

1729 gouf d'Fräimaurerei fir d'éischt zu Lëtzebuerg ernimmt. Hautdesdaags gëtt et follgend Fräimaurergrousslogen zu Lëtzebuerg:

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fräimaurerei zu Lëtzebuerg.

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. http://grande-loge.lu/
  2. De Grand Orient de Luxemburg ass den Daachverband vun 12 Fräimaurerlogen aus 4 Länner. Quell: https://www.gol.lu