BGL Ligue (Lëtzebuerg)

(Virugeleet vu(n) Foussball Nationaldivisioun)
BGL LIGUE
Logo BGL Ligue
Federatioun: FLF
Éischt Saison: 2007/2008
Ekippen: 14
Aktuelle Champion: CS Fola Esch
Rekordchampion: F91 Diddeleng (5)
Rekordspiller:[1] Denis Scuto (424)
Meescht Goler:[1] Armin Krings (255)

D'BGL Ligue ass déi iewescht Spillklass am lëtzebuergesche Foussballchampionnat vun den éischte Seniorsekippen (Männer). Si gëtt no hirem Haaptsponsor der BGL genannt. Déi éischt Oplag vun der BGL Ligue war an der Saison 2007/08.

Historesch gekuckt gëtt zu Lëtzebuerg zanter 1909/1910 e Championnat an der ieweschter Spillklass vun der Foussballfederatioun organiséiert.

Net gespillt gouf an der Saison 1912/13 an an de Krichsjoren 1941-1944. Ënner der däitscher Okkupatioun ass d'Federatioun vun den Nationalsozialisten opgeléist, an d'nationaalt Championnat ofgeschaaft ginn. D'Veräiner aus der ieweschter Divisioun goufen an de Fußballgau Mosel agegliddert. An engems hunn d'Nimm vun all de Clibb missen agedäitscht ginn. No der Liberatioun vun 1945 gouf en improviséiert Championnat als Coupe gespillt, d'Coupe de la Liberation. Clibb aus dem Éislek waren net mat dobäi.

Spillmodus an Numm sinn am Laf vun der Zäit e puermol geännert ginn. Tëscht 1909 an 1912 huet déi héchst Divisioun Klass A geheescht, vun 1913 bis 1932 war et d'Éischt Divisioun an tëscht 1932-1957 gouf se Éierepromotioun genannt.

Fir d'Saison 1957/58 krut d'héchst Spillklass dunn den Numm Nationaldivisioun.

Den 31. Juli 2007 huet d'FLF e Kontrakt mat der Fortis Bank Lëtzebuerg als Haaptsponsor a privilegéiertem Partner fir d'Liga gemaach. D'Ofkommes fixéiert eng finanziell Ënnerstëtzung déi virop den Nationaldivisiounsveräiner ze gutt komme soll[2] a gëllt fir véier Saisonen. Och wann d'Nummrechter un der Divisioun an engems mat verkaaft goufen, ännert sech näischt un der Zuel vun de Clibb oder de Spillmodalitéite wéi dat fir d'lescht fir d'Saison 2006/2007 de Fall war. D'Zuel vun den Ekippe gouf deemools vis-à-vis vun de Saisone virdru vun 12 op 14 gehéicht an de komplexe System mat Play-Off-Gruppen ass an engems mat ofgeschaaft ginn.

Saison 2018/2019 änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Ekippen änneren

An der Saison 2018/2019 spille 14 Ekippen aus der Nationaldivisioun fir de Champion.

Club Stad Saison 2017-18
  US Munneref Munneref 6.
  FC Déifferdeng 03 Déifferdeng 5.
  F91 Diddeleng Diddeleng 1.
  CS Fola Esch Esch 3.
  Jeunesse Esch Esch-Uelzecht 4.
  FC Etzella Ettelbréck Ettelbréck Éierepromotioun, 1.
  RM Hamm Benfica Stad Lëtzebuerg 10.
  US Hueschtert Hueschtert 8.
  Progrès Nidderkuer Nidderkuer 2.
  Union Titus Péiteng Péiteng 9.
  Victoria Rouspert Rouspert 12.
  Racing FC Union Lëtzebuerg Stad Lëtzebuerg 7.
  US Rëmeleng Rëmeleng Éierepromotioun, 2.
  FC UNA Stroossen Stroossen 11.

Spillmodus änneren

D'Championnat geet iwwer eng Saison an huet zesummen 26 Spilldeeg. Et gëtt -mat enger Wanterpaus dertëscht- an zwéin Tier gespillt. Jiddwer Ekipp spillt am Laf vun der Saison zwéi Matcher géint all eenzel aner Ekipp, eng Kéier um eegenen Terrain an eng Kéier auswäerts.

Bei enger Victoire gëtt et dräi Punkten, gëtt gläichgespillt, kritt all Ekipp just nëmmen ee Punkt. D'Punkte ginn zesummegezielt an an engem Tabelleklassement gelëscht.

Déi Ekipp, déi um Enn vum Championnat op éischter Plaz am Klassement steet, ass lëtzebuergesche Champion. D'Ekippen op de Plazen 13 a 14, falen aus der Nationaldivisioun eraus a spillen d'Saison drop an der Éierepromotioun. D'Ekipp op der 12. Plaz muss en décisive Barrage-Match géint den Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun spillen. De Gewënner qualifizéiert sech fir d'Nationaldivisioun, d'Ekipp déi verléiert, spillt déi aner Saison Éierepromotioun.

Lëtzebuerger Championen zanter 1910 änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Saison Champion Vizechampion
1909/1910 Racing Club Lëtzebuerg US Hollerech
1910/1911 Sporting Club Lëtzebuerg Sporting Club Déifferdeng[3]
1911/1912 US Hollerech Sporting Club Lëtzebuerg
1912/1913 Kee Championnat
1913/1914 US Hollerech Sporting Club Lëtzebuerg
1914/1915 US Hollerech Jeunesse Esch
1915/1916 US Hollerech Sporting Club Lëtzebuerg
1916/1917 US Hollerech Fola Esch
1917/1918 Fola Esch US Hollerech
1918/1919 Sporting Club Lëtzebuerg Fola Esch
1919/1920 Fola Esch Stade Diddeleng
1920/1921 Jeunesse Esch Fola Esch
1921/1922 Fola Esch Union Lëtzebuerg
1922/1923 Red Boys Déifferdeng Stade Diddeleng
1923/1924 Fola Esch Spora Lëtzebuerg
1924/1925 Spora Lëtzebuerg Stade Diddeleng
1925/1926 Red Boys Déifferdeng Spora Lëtzebuerg
1926/1927[4] Union Lëtzebuerg Red Boys Déifferdeng
1927/1928 Spora Lëtzebuerg Stade Diddeleng
1928/1929 Spora Lëtzebuerg Fola Esch
1929/1930 Fola Esch Spora Lëtzebuerg
1930/1931 Red Boys Déifferdeng Spora Lëtzebuerg
1931/1932 Red Boys Déifferdeng Progrès Nidderkuer
1932/1933 Red Boys Déifferdeng Spora Lëtzebuerg
1933/1934 Spora Lëtzebuerg Red Boys Déifferdeng
1934/1935 Spora Lëtzebuerg Red Boys Déifferdeng
1935/1936 Spora Lëtzebuerg Jeunesse Esch
1936/1937 Jeunesse Esch Progrès Nidderkuer
1937/1938 Spora Lëtzebuerg Jeunesse Esch
1938/1939 Stade Diddeleng US Diddeleng
1939/1940 Stade Diddeleng US Diddeleng
1940/1941
1941/1942
1942/1943
1943/1944
Keen nationaalt Championnat
1944/1945[5] Stade Diddeleng Spora Lëtzebuerg
1945/1946 Stade Diddeleng US Diddeleng
1946/1947 Stade Diddeleng US Diddeleng
1947/1948 Stade Diddeleng Union Lëtzebuerg
1948/1949 Spora Lëtzebuerg Fola Esch
1949/1950 Stade Diddeleng National Schëffleng
1950/1951 Jeunesse Esch National Schëffleng
1951/1952 National Schëffleng Spora Lëtzebuerg
1952/1953 Progrès Nidderkuer Jeunesse Esch
1953/1954 Jeunesse Esch Fola Esch
1954/1955 Stade Diddeleng Fola Esch
1955/1956 Spora Lëtzebuerg Stade Diddeleng
1956/1957 Stade Diddeleng Jeunesse Esch
1957/1958 Jeunesse Esch Red Boys Déifferdeng
1958/1959 Jeunesse Esch Spora Lëtzebuerg
1959/1960 Jeunesse Esch Stade Diddeleng
1960/1961 Spora Lëtzebuerg Jeunesse Esch
1961/1962 Union Lëtzebuerg Alliance Diddeleng
1962/1963 Jeunesse Esch Union Lëtzebuerg
1963/1964 Aris Bouneweg Union Lëtzebuerg
1964/1965 Stade Diddeleng Union Lëtzebuerg
1965/1966 Aris Bouneweg Union Lëtzebuerg
1966/1967 Jeunesse Esch Spora Lëtzebuerg
1967/1968 Jeunesse Esch US Rëmeleng
1968/1969 Avenir Beggen Jeunesse Esch
1969/1970 Jeunesse Esch US Rëmeleng
1970/1971 Union Lëtzebuerg Aris Bouneweg
1971/1972 Aris Bouneweg US Rëmeleng
1972/1973 Jeunesse Esch Union Lëtzebuerg
1973/1974 Jeunesse Esch Red Boys Déifferdeng
1974/1975 Jeunesse Esch Avenir Beggen
1975/1976 Jeunesse Esch Red Boys Déifferdeng
1976/1977 Jeunesse Esch Progrès Nidderkuer
1977/1978 Progrès Nidderkuer Jeunesse Esch
1978/1979 Red Boys Déifferdeng Progrès Nidderkuer
1979/1980 Jeunesse Esch Red Boys Déifferdeng
1980/1981 Progrès Nidderkuer Red Boys Déifferdeng
1981/1982 Avenir Beggen Progrès Nidderkuer
1982/1983 Jeunesse Esch Avenir Beggen
1983/1984 Avenir Beggen Red Boys Déifferdeng
1984/1985 Jeunesse Esch Red Boys Déifferdeng
1985/1986 Avenir Beggen Jeunesse Esch
1986/1987 Jeunesse Esch Avenir Beggen
1987/1988 Jeunesse Esch Spora Lëtzebuerg
1988/1989 Spora Lëtzebuerg Jeunesse Esch
1989/1990 Union Lëtzebuerg Avenir Beggen
1990/1991 Union Lëtzebuerg Jeunesse Esch
1991/1992 Union Lëtzebuerg Avenir Beggen
1992/1993 Avenir Beggen Union Lëtzebuerg
1993/1994 Avenir Beggen CS Gréiwemaacher
1994/1995 Jeunesse Esch CS Gréiwemaacher
1995/1996 Jeunesse Esch CS Gréiwemaacher
1996/1997 Jeunesse Esch CS Gréiwemaacher
1997/1998 Jeunesse Esch Union Lëtzebuerg
1998/1999 Jeunesse Esch F91 Diddeleng
1999/2000 F91 Diddeleng CS Gréiwemaacher
2000/2001 F91 Diddeleng CS Gréiwemaacher
2001/2002 F91 Diddeleng Union Lëtzebuerg
2002/2003 CS Gréiwemaacher F91 Diddeleng
2003/2004 Jeunesse Esch F91 Diddeleng
2004/2005 F91 Diddeleng Etzella Ettelbréck
2005/2006 F91 Diddeleng Jeunesse Esch
2006/2007 F91 Diddeleng Etzella Ettelbréck
2007/2008 F91 Diddeleng RFCU Lëtzebuerg
2008/2009 F91 Diddeleng FC Déifferdeng 03
2009/2010 Jeunesse Esch F91 Diddeleng
2010/2011 F91 Diddeleng FC Déifferdeng 03
2011/2012 F91 Diddeleng Jeunesse Esch
2012/2013 CS Fola Esch F91 Diddeleng
2013/2014 F91 Diddeleng CS Fola Esch
2014/2015 CS Fola Esch FC Déifferdeng 03
2015/2016 F91 Diddeleng CS Fola Esch
2016/2017 F91 Diddeleng FC Déifferdeng 03
2017/2018 F91 Diddeleng Progrès Nidderkuer

Championen der Zuel vun den Titelen no änneren

Jeunesse Esch 28 1921, 1937, 1951, 1954, 1958, 1959, 1960, 1963, 1967, 1968, 1970, 1973, 1974, 1975, 1976, 1977, 1980, 1983, 1985, 1987, 1988, 1995, 1996, 1997, 1998, 1999, 2004, 2010
Racing FC Union Lëtzebuerg 28
dovun als Racing Luxemburg 1 1910
dovun als Sporting Club Luxemburg 1 1911, 1919
dovun als US Hollerich/Bonneweg 5 1912, 1914, 1915, 1916, 1917
dovun als CA Spora Luxembourg 11 1925, 1928, 1929, 1934, 1935, 1936, 1938, 1949, 1956, 1961, 1989
dovun als Union Lëtzebuerg 6 1927, 1962, 1971, 1990, 1991, 1992
dovun als Aris Bouneweg 3 1964, 1966, 1972
F91 Diddeleng 26 2000, 2001, 2002, 2005, 2006, 2007, 2008, 2009, 2011, 2012, 2014, 2016, 2017, 2018, 2019, 2022
dovun als Stade Dudelange 10 1939, 1940, 1945, 1946, 1947, 1948, 1950, 1955, 1957, 1965
CS Fola Esch 8 1918, 1920, 1922, 1924, 1930, 2013, 2015, 2021
FC Déifferdeng 03 6
dovun als Red Boys Déifferdeng 6 1923, 1926, 1931, 1932, 1933, 1979
Avenir Beggen 6 1969, 1982, 1984, 1986, 1993, 1994
Progrès Nidderkuer 3 1953, 1978, 1981
CS Grevenmacher 1 2003
FC Schëffleng 95 1
dovun als The National Schifflange 1 1952

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Vun 1945/1946 bis 2005/2006. Source Gearchiveerd op 2007-02-23. Gekuckt de(n) 2007-03-12.
  2. Dräivéirels aus der Sponsoringkees vun der Fortis Bank sollen direkt un d'Veräiner goen. D'Somme déi all eenzel Veräin ze gutt huet, ass bis ewell net gewuer ze ginn. Quell: Interview mam FLF-President Paul Philipp am Artikel A l'aube d'une nouvelle ligue (Le Quotidien, 3. August 2007)
  3. De Sporting Club Déifferdeng huet 1919 den Numm gewiesselt a bis zu der Fusioun mat der AS Déifferdeng 2003 FA Red Boys Déifferdeng geheescht.
  4. Der FLF no gouf 1926/27 vum Numm hier net d'Union, mä US Hollerech-Bouneweg Champion, US Hollerech-Bouneweg war awer schonn 1925 mat der Jeunesse Sportive Verluerekascht zu der Union Lëtzebuerg fusionéiert. Source FLF: Champions de 1910 à 2005 (PDF)
  5. D'Coupe de la Libération war keen offiziellt Championnat, gëtt hei awer -fir komplett ze sinn- matgezielt.