Foussball-Europameeschterschaft 2012

Déi 14. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2012 gouf vum 8. Juni bis den 1. Juli 2012 a Polen an an der Ukrain gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher.

Gewonnen huet an der Finall déi spuenesch Nationalekipp, déi déi italieenesch mat 4:0 geklappt huet.

EM - Stied änneren

 
Foussballstied vun der EM 2012

Polen änneren

Ukrain änneren

Schidsriichter änneren

Den 20. Dezember 2011 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2012 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichterekippe vun am Ganzen 12 Arbitter, 24 Assistenten, 12 Ersatzassistenten a 24 Golarbitter. Dobäi kommen nach 8 Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter respektiv Assistent deejenegen ersetzen.

Déi zwielef Arbittere leeden 31 Spiller. Et sinn:

Cüneyt Çakır   Tierkei Jonas Eriksson   Schweden Viktor Kassai   Ungarn
Björn Kuipers   Holland Stéphane Lannoy   Frankräich Pedro Proença   Portugal
Nicola Rizzoli   Italien Damir Skomina   Slowenien Wolfgang Stark   Däitschland
Craig A. Thomson   Schottland Carlos Velasco Carballo   Spuenien Howard Webb   England

Spillplang änneren

Qualifikatioun änneren

Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Ukrain a Polen, déi als Gaaschtlänner automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.

Déi 51 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu sechs an an dräi Gruppe vu fënnef agedeelt. An deenen eenzele Gruppen, an deenen all Ekippen eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, hu sech no 248 Spiller déi Gruppenéischt an dee beschte Gruppenzweeten direkt fir d'Europameeschterschaft 2012 qualifizéiert, déi 8 aner Gruppenzweeten hu sech a Barragematcher mat Hin- a Réckspill ëm déi verbliwwe 4 Plaze streide missen.

Auslousung vun der Endronn änneren

D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2011 zu Kiew ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:

  • 1: Polen, Ukrain (allebéid Organisatoren), Spuenien, Holland
  • 2: Däitschland, Italien, England, Russland
  • 3: Kroatien, Griicheland, Portugal, Schweden
  • 4: Dänemark, Frankräich, Tschechien, Irland

Aus dësem Tirage sinn dës Gruppen entstanen:

Grupp A Grupp B Grupp C Grupp D
  Polen   Griicheland   Russland   Tschechesch Republik
  Holland   Dänemark   Däitschland   Portugal
  Spuenien   Italien   Republik Irland   Kroatien
  Ukrain   Schweden   Frankräich   England

Gruppephas änneren

Grupp A änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Tschechien 4:5 6
2   Griicheland 3:3 4
3   Russland 5:3 4
4   Polen 2:3 2
Freiden, 8. Juni 2012, 18:00, zu Warschau
Polen Griicheland 1:1 (1:0)
Freiden, 8. Juni 2012, 20:45, zu Wrocław
Russland Tschechien 4:1 (2:0)
Dënschden, 12. Juni 2012, 18:00, zu Wrocław
Griicheland Tschechien 1:2 (0:2)
Dënschden, 12. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
Polen Russland 1:1 (0:1)
Samschden, 16. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
Griicheland Russland 1:0 (1:0)
Samschden, 16. Juni 2012, 20:45, zu Wrocław
Tschechien Polen 1:0 (0:0)

Grupp B änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Däitschland 5:2 9
2   Portugal 5:4 6
3   Dänemark 4:5 3
4   Holland 2:5 0
Samschden, 9. Juni 2012, 18:00, zu Charkow
Holland Dänemark 0:1 (0:1)
Samschden, 9. Juni 2012, 20:45, zu Lwiw
Däitschland Portugal 1:0 (0:0)
Mëttwoch, 13. Juni 2012, 18:00, zu Lwiw
Dänemark Portugal 2:3 (1:2)
Mëttwoch, 13. Juni 2012, 20:45, zu Charkow
Holland Däitschland 1:2 (0:2)
Sonnden, 17. Juni 2012, 20:45, zu Charkow
Portugal Holland 2:1 (1:1)
Sonnden, 17. Juni 2012, 20:45, zu Lwiw
Dänemark Däitschland 1:2 (1:1)

Grupp C änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Spuenien 6:1 7
2   Italien 4:2 5
3   Kroatien 4:3 4
4   Irland 1:9 0
Sonnden, 10. Juni 2012, 18:00, zu Gdańsk
Spuenien Italien 1:1 (0:0)
Sonnden, 10. Juni 2012, 20:45, zu Poznań
Irland Kroatien 1:3 (1:2)
Donneschden, 14. Juni 2012, 18:00, zu Poznań
Italien Kroatien 1:1 (1:0)
Donneschden, 14. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
Spuenien Irland 4:0 (1:0)
Méinden, 18. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
Kroatien Spuenien 0:1 (0:0)
Méinden, 18. Juni 2012, 20:45, zu Poznań
Italien Irland 2:0 (1:0)

Grupp D änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   England 5:3 7
2   Frankräich 3:3 4
3   Ukrain 2:4 3
4   Schweden 5:5 3
Méinden, 11. Juni 2012, 18:00, zu Donezk
Frankräich England 1:1 (1:1)
Méinden, 11. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
Ukrain Schweden 2:1 (0:0)
Freiden, 15. Juni 2012, 18:00, zu Donezk
Ukrain Frankräich 0:2 (0:0)
Freiden, 15. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
Schweden England 2:3 (0:1)
Dënschden, 19. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
Schweden Frankräich 2:0 (0:0)
Dënschden, 19. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
England Ukrain 1:0 (0:0)

Finallronn änneren

Véirelsfinall änneren

Donneschden, 21. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
1 Tschechien Portugal 0:1 (0:0)
Freiden, 22. Juni 2012, 20:45, zu Gdańsk
2 Däitschland Griicheland 4:2 (1:0)
Samschden, 23. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
3 Spuenien Frankräich 2:0 (1:0)
Sonnden, 24. Juni 2012, 20:45, zu Kiew
4 England Italien 0:0 n.V., 2:4 a.E.

Halleffinall änneren

Mëttwoch, 27. Juni 2012, 20:45, zu Donezk
1 Portugal Spuenien 0:0 n.V., 2:4 a.E.
Donneschden, 28. Juni 2012, 20:45, zu Warschau
2 Däitschland Italien 1:2 (0:2)

Finall änneren

Sonnden, 1. Juli 2012, 20:45, zu Kiew
Spuenien Italien 4:0 (2:0)

Um Spaweck änneren

Commons: Foussball-Europameeschterschaft 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien