Foussball-Europameeschterschaft 2008

Déi 13. UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2008 gouf vum 7. bis den 29. Juni 2008 an Éisträich an an der Schwäiz gespillt. Et si 16 Nationalekippe géinteneen ugetrueden, fir d'éischt a Gruppen- an duerno an Ausscheedungsspiller, am Ganzen an 31 Matcher. Europameeschter gouf an der Finall zu Wien déi spuenesch Foussballnationalekipp.

EM - Stied änneren

 
Foussball-Europameeschterschaft 2008

Éisträich änneren

Schwäiz änneren

Schidsriichter änneren

Den 19. Dezember 2007 goufen déi Offiziell vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 vun der UEFA ernannt ginn. Dëst sinn zwielef Schidsriichter a 24 Assistenten. Dobäi kommen nach aacht Véiert Offizeller, déi am Fall bei enger Verletzung vun engem Schidsriichter deejéinegen ersetzen.

Déi zwielef Schidsriichter leeden 31 Spiller. Et sinn:

Konrad Plautz   Éisträich Frank De Bleeckere   Belsch Howard Webb   England
Herbert Fandel   Däitschland Kyros Vassaras   Griicheland Roberto Rosetti   Italien
Pieter Vink   Holland Tom Henning Øvrebø   Norwegen Ľuboš Micheľ   Slowakei
Manuel Mejuto González   Spuenien Peter Fröjdfeldt   Schweden Massimo Busacca CHE  Schwäiz

Spillplang änneren

Qualifikatioun änneren

Kuckt och: Qualifikatioun vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008

Nom offizielle Reglement vun der UEFA ass d'EM an d'Qualifikatioun an an d'Ennronn opgedeelt. Fir d'Ennronn konnte sech, ausser der Schwäiz an Éisträich, déi als Gaaschtland automatesch an d'Ennronn komm sinn, nach véierzéng aner Länner qualifizéieren.

Déi 50 Ekippen, déi fir déi véierzéng Ennronneplaze gespillt hunn, goufen a sechs Gruppe vu siwen an an eng Grupp vun aacht agedeelt. Déi eenzel Gruppen, an deenen all Ekipp eng Kéier an engem Hin- a Réckspill géinteneen ugetruede sinn, qualifizéierte sech no 306 Spiller, d'Gruppenéischt an -zweet fir d'Europameeschterschaft 2008.

Auslousung vun der Ennronn änneren

D'Gruppe goufen den 2. Dezember 2007 zu Luzern ausgeloust. Déi qualifizéiert Ekippe goufen a véier Dëppen agedeelt:

  • 1: Schwäiz, Éisträich (allebéid Organisatoren), Griicheland, Holland
  • 2: Kroatien, Italien, Tschechien, Schweden
  • 3: Rumänien, Däitschland, Portugal, Spuenien
  • 4: Polen, Frankräich, Tierkei, Russland

Aus dësem Tirage sinn dës Gruppen entstanen:

Grupp A Grupp B Grupp C Grupp D
CHE  Schwäiz   Éisträich   Holland   Griicheland
  Tschechesch Republik   Kroatien   Italien   Schweden
  Portugal   Däitschland   Rumänien   Spuenien
  Tierkei   Polen   Frankräich   Russland

Gruppephas änneren

Grupp A änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Portugal 5:3 6
2   Tierkei 5:5 6
3   Tschechesch Republik 4:6 3
4 CHE  Schwäiz 3:3 3
Samschden, 7. Juni 2008, 18:00, zu Basel
Schwäiz Tschechien 0:1 (0:0)
Samschden, 7. Juni 2008, 20:45, zu Genf
Portugal Tierkei 2:0 (0:0)
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 18:00, zu Genf
Tschechien Portugal 1:3 (1:1)
Mëttwoch, 11. Juni 2008, 20:45, zu Basel
Schwäiz Tierkei 1:2 (1:0)
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Basel
Schwäiz Portugal 2:0 (0:0)
Sonnden, 15. Juni 2008, 20:45, zu Genf
Tierkei Tschechien 3:2 (0:1)

Grupp B änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Kroatien 4:1 9
2   Däitschland 4:2 6
3   Éisträich 1:3 1
4   Polen 1:4 1
Sonnden, 8. Juni 2008, 18:00, zu Wien
Éisträich Kroatien 0:1 (0:1)
Sonnden, 8. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt
Däitschland Polen 2:0 (1:0)
Donneschden, 12. Juni 2008, 18:00, zu Klagenfurt
Kroatien Däitschland 2:1 (1:0)
Donneschden, 12. Juni 2008, 20:45, zu Wien
Éisträich Polen 1:1 (0:1)
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Klagenfurt
Polen Kroatien 0:1 (0:0)
Méinden, 16. Juni 2008, 20:45, zu Wien
Éisträich Däitschland 0:1 (0:0)

Grupp C änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Holland 9:1 9
2   Italien 3:4 4
3   Rumänien 1:3 2
4   Frankräich 1:6 1
Méinden, 9. Juni 2008, 18:00, zu Zürich
Rumänien Frankräich 0:0 (0:0)
Méinden, 9. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Italien 3:0 (2:0)
Freiden, 13. Juni 2008, 18:00, zu Zürich
Italien Rumänien 1:1 (0:0)
Freiden, 13. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Frankräich 4:1 (1:0)
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Bern
Holland Rumänien 2:0 (0:0)
Dënschden, 17. Juni 2008, 20:45, zu Zürich
Frankräich Italien 0:2 (0:1)

Grupp D änneren

Plaz Land Goler Punkten
1   Spuenien 8:3 9
2   Russland 4:4 6
3   Schweden 3:4 3
4   Griicheland 1:5 0
Dënschden, 10. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck
Spuenien Russland 4:1 (2:0)
Dënschden, 10. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Schweden 0:2 (0:0)
Samschden, 14. Juni 2008, 18:00, zu Innsbruck
Schweden Spuenien 1:2 (1:1)
Samschden, 14. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Russland 0:1 (0:1)
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Salzburg
Griicheland Spuenien 1:2 (1:0)
Mëttwoch, 18. Juni 2008, 20:45, zu Innsbruck
Russland Schweden 2:0 (1:0)

Finalleronn änneren

Véirelsfinall änneren

Do, 19. Juni 2008, 20:45 Basel   Portugal   Däitschland 2:3 (1:2)
Fr, 20. Juni 2008, 20:45 Wien   Kroatien   Tierkei 1:1 n. V. (0:0, 0:0) 1:3 a. E.
Sa, 21. Juni 2008, 20:45 Basel   Holland   Russland 1:3 n. V. (1:1, 0:0)
So, 22. Juni 2008, 20:45 Wien   Spuenien   Italien 0:0 n. V. (0:0, 0:0) 4:2 a. E.

Halleffinall änneren

Më, 25. Juni 2008, 20:45 Basel   Däitschland   Tierkei 3:2 (1:1)
Do, 26. Juni 2008, 20:45 Wien   Russland   Spuenien -:3 (0:0)

Finall änneren

So, 29. Juni 2008, 20:45 Wien   Däitschland   Spuenien 0:1 (0:1)

Finanzen änneren

Sponsoren änneren

Zu de Sponsore vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 hunn ënner anerem Adidas, Carlsberg, Castrol, Coca-Cola, Hyundai Motor Group, JVC, MasterCard a McDonald's gezielt.

Ticketen änneren

Et sinn 1,13 Milliounen Entréestickete fir déi 31 Spiller verdeelt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Foussball-Europameeschterschaft 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien