Foussball-Europameeschterschaft

Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Foussball-Europameeschterschafte vun de Männer. Fir d'Europameeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraefoussball-Europameeschterschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Europameeschterschaft.

D'Foussball-Europameeschterschaft (Euro oder EM) ass en Turnéier fir Foussballnationalekippe vun den nationale Foussballverbänn aus Europa, deen all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass den europäesche Foussballverband UEFA. Et gëtt souwuel Europameeschterschaften fir d'Häre wéi och fir d'Dammen.

Wéi a wou gespillt gëtt änneren

Nom offiziellen UEFA-Reglement ass d'Turnéier an eng Vir- an eng Ennronn gegliddert. D'Virronn gëtt eng am Meeschterschaftsmodus ausgedroen, Qualifikatioun mat Hin- a Réckspiller. D'Ennronn gëtt an der Gruppephase an de Finalmatcher ausgedroen. Dat, wat UEFA-intern als Ennronn bezeechent gëtt, ass dat eigentlecht vum Ausriichter organiséiert Turnéier vu ronn dräi Wochen a gëtt allgemeng als "Foussball-Europameeschterschaft" bezeechent.

De Gewënner vun der Foussball-Europameeschterschaft ass, geneesou wéi och de Weltmeeschter, d'Ausdroungsland an d'Gewënner vun den anere fënnef kontinentale Concoursen (Afrikameeschterschaft, Asienmeeschterschaft, Copa América, Gold-Cup an OFC-Natiounen-Pokal) fir den nächste FIFA-Konfederatioune-Pokal qualifizéiert.

D'Recht, d'Foussball-Europameeschterschaft auszeriichte wiesselt permanent a gëtt vun der UEFA no Bewäertung vun de Kandidature verginn. Et spille 16 Ekippe mat, déi sech an der EM-Qualifikatiounsronn qualifizéiert hunn, opgedeelt a véier Gruppe vun all Kéier véier Ekippen.

All Ekipp absolvéiert, well an enger Grupp jiddwer Ekipp géintenee spillt, dräi Gruppematcher. Déi zwou éischt Ekippen aus all Grupp kommen an d'Véierelsfinall, wou den Eliminatiounssystem ufänkt, de Verléierer aus all Match scheet aus. Bei der Euro 2004 huet d'Reegel vum Silver Goal gegollt, déi duerno awer erëm ofgeschaaft gouf.

D'Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp war an der Virronn vun der EM 1964 mat dobäi. No dem 2:1 (1:1) géint Holland an der Aachtelsfinall, sinn d'Léiwen awer dunn, nodeem se mat 3:3 (2:2) an der Halleffinall géint Dänemark gläich gespillt hunn, am Play-Off-Match mat 0:1 (0:1) ausgescheet.

Den amtéierende Foussball-Europameeschter ass, zanter der leschter EURO 2020/21, Italien.

Turnéier an Europameeschter änneren

Joer Ausdroungs-Land Finall Spill ëm d'drëtt Plaz / Halleffinalisten
Europameeschter Resultat Zweet Plaz Drëtt Plaz Resultat Véiert Plaz
1960 Frankräich  
Sowjetunioun
2:1 n. V.  
Jugoslawien
 
Tschechoslowakei
2:0  
Frankräich
1964 Spuenien  
Spuenien
2:1  
Sowjetunion
 
Ungarn
3:1 n. V.  
Dänemark
1968 Italien  
Italien
1:1 n. V.
2:0
 
Jugoslawien
 
England
2:0  
Sowjetunioun
1972 Belsch  
BR Däitschland
3:0  
Sowjetunioun
 
Belsch
2:1  
Ungarn
1976 Jugoslawien  
Tschechoslowakei
2:2 n. V.
5:3 n. E.
 
BR Däitschland
 
Holland
3:2 n. V.  
Jugoslawien
1980 Italien  
BR Däitschland
2:1  
Belsch
 
Tschechoslowakei
1:1
9:8 n. E.
 
Italien
1984 Frankräich  
Frankräich
2:0  
Spuenien
 
Portugal
 
Dänemark
1988 BR Däitschland  
Holland
2:0  
Sowjetunioun
 
BR Däitschland
 
Italien
1992 Schweden  
Dänemark
2:0  
Däitschland
 
Holland
 
Schweden
1996 England  
Däitschland
2:1 n. GG  
Tschechien
 
England
 
Frankräich
2000 Belsch / Holland  
Frankräich
2:1 n. GG  
Italien
 
Portugal
 
Holland
2004 Portugal  
Griicheland
1:0  
Portugal
 
Tschechien
 
Holland
2008 Éisträich / Schwäiz  
Spuenien
1:0  
Däitschland
 
Russland
 
Tierkei
2012 Polen / Ukrain  
Spuenien
4:0  
Italien
 
Portugal
 
Däitschland
2016 Frankräich  
Portugal
1:0 n. V.  
Frankräich
 
Wales
 
Däitschland
2021 Europawäit  
Italien
4:3 n. E.  
England
2024 Däitschland

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Foussball-Europameeschterschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren