De Fons och als Fontus oder Fontanus bekannt, ass de réimesche Gott vun de Quellen, Buren, Pëtzer an dem fléisse Waasser. Hien ass de Jong vum Iuturna an dem Ianus. Genee wéi säi Papp de Ianus gëtt hie mat zwéi Käpp duergestallt.

Säi Fest, d'Fontanalia gouf den 13. Oktober gefeiert an him zu Éiere sinn op deem Dag all d'Buren a Quelle mat Blumme gerëscht ginn.

De Fons hat säin Altor westlech vum Tiber um Hiwwel Ianiculum.