Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Fokus a senger allgemenger Bedeitung an der Optik. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Fokus (Homonymie).

De Fokus oder Brennpunkt ass dee besonnesche Punkt vun enger optescher Baugrupp, an deem sech Strale schneiden, déi parallel zu der optescher Achs afalen. En ass op der optescher Achs an op där dozou vertikaler Brennfläch. Op deem Plang schneide sech d'Stralen, déi parallel zoueneen, awer net onbedéngt parallel zu der optescher Achs afalen. Fir Objeten, déi méi wäit ewech leien, wéi d'Sonn, ass d'Brennfläch och de Bildplang – dat gliddegt Bild vun der Sonn gëtt dem Brennpunkt säin Numm.

Brennpunkte F a Brennwäiten f vu verschiddenen opteschen Elementer

Wat d'Optik méi schwaach fokusséiert, ëmsou méi wäit ass de Fokus ewech, kuckt: Brennwäit an den Haaptplang. Bei Zerstreeungslënsen oder gebéite Spigelen (negativ Briechkraaft) sinn et déi réckwäerteg Verlängerunge vun de refraktéierten resp. reflektéierten, auserneestriewende Stralen, déi sech am Fokus schneiden.

Eng Lëns oder Lënsegrupp huet en zweete Brennpunkt: Stralen, déi am Agank vun deem Punkt fortginn (resp. bei negativer Briechkraaft op deen zoulafen ze schéngen), sinn am Ausgank parallel zu der optescher Achs, kuckt: Kollimater resp. Okular vum hollänneschen Teleskop. E Parabolspigel dogéint huet nëmmen ee Brennpunkt.

Déi mathematesch Brennpunkte vun enger Ellips an enger Hyperbol sinn zwar keng Fokussen am Sënn vun dësem Artikel, si leede sech awer vum physikalesche Brennpunkt of, well och reell Ellipsoiden a Paraboloide Liichtstralen am (mathematesche) Brennpunkt fokusséiere kënnen z. B. beim Parabolspigel oder bei der Parabolantenn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie