Fockemillen
fréier Millen op der Äisch
D'Fockemillen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen op der Äisch an der Gemeng Käerch. D'Millen – déi och nach Iewescht Mille genannt gëtt – war déi fréier Bannmillen vun der Käercher Fockenherrschaft. D'Millen ass haut nach bewunnt, an de Millekanal existéiert nach.
Fockemillen | |
---|---|
D'Fockemillen am Hierscht 2021 | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Käerch |
Buergermeeschter | Daniel Wirth |
Héicht | 262 m |
Koordinaten |
49° 40’ 43.2’’ N 05° 56’ 42.2’’ O |
Postcode | 8387 |
D'Fockemillen hat e puer Meter méi wäit d'Äisch erof, hannert der haiteger Pompelstatioun vum SES, mat der Ënneschter Millen (haut Gréiwemillen genannt) eng Nopeschmillen, déi d'Bannmille vun der Rollenger Herrschaft war.
Am Joer 1734 gouf d'Fockemille vum Här vu Reiffenberg op 99 Joer un de Mathias Michel verpacht, mat Wunnhaus, Seeërei a Lännereien. D'Nokomme vum Piechter hunn dës Pacht fortgesat[1].
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Fockemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Notten a Referenzen änneren
- ↑ Grün, Robert (1999/2000): Die Familie von Reiffenberg. Eigenverlag.