Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Fluchhafepompjeeë si Wierkspompjeeën, déi speziell op verschidde Virfäll an Asätz, déi op engem Fluchhafen oder a senger noer Ëmgéigend optriede kënnen, spezialiséiert sinn. Op all Fluchhafen an der Welt gëtt et Fluchhafepompjeeën, déi zu der Fluchhafeninfrastruktur gehéieren.

Zu Lëtzebuerg änneren

Fluchhafepompjeeë gëtt et zu Lëtzebuerg um Fluchhafe Lëtzebuerg. De Corps grand-ducal d'incendie et de secours stellt a verwalt den CIS Aéroport fir d'Administration de la navigation aérienne[1][2].

Um Findel si ronn 50 Fluchhafepompjeeën. Fir e 24/24 Stonnen-Déngscht z'assuréieren, schaffe s'an 12-Stonne-Schichten, vun 8 Auer moies bis 8 Auer owes. Op all Schicht sinn op d'mannst 8 Mann, dorënner och e "Chef de service" an e "Chef de service adjoint".

Fir d'Effikassitéit bei den Asätz z'assuréieren ass de Corps an 2 Unitéiten opgedeelt:

  • 1 Läschzuch géint all Zorte vu Bränn a Feier mat bis zu 5 Pompjeesgefierer, déi grouss Quantitéite Läschmëttel transportéiere kënnen.
  • 1 Rettungsekipp fir sou séier wéi méiglech liicht oder schwéier verwonnt Passagéier z'evakuéieren oder aus mëssleche Situatiounen ze huelen an ze retten.

Missioun änneren

D'Haaptmissioun besteet doran, bei Bränn, Fligeraccidenter an anere Virfäll, sou séier wei méiglech Hëllef ze leeschten.

Pompjeesgefierer änneren

 
E Rosenbauer Panther 8x8 um Findel (2015)
intern Nummer Typ Numm Opbau Chassis Baujoer Ekipement Bild
FLF - Rosenbauer Panther 8x8 - 1998 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel
101 FLF "Cheetah" Sides Spezialkonstruktioun 4x4 Thomas 2003 5000 L Waasser, 500 L Schaummëttel, 120 kg CO2
102 FLF "Bagheera" Ziegler Z8 8x8 - 2008 12500 L Waasser, 1500 L Schaummëttel, 500 kg Läschpolver
103 FLF - Rosenbauer Panther 8x8 - 2015 16800 L Waasser, 2200 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver
104 FLF - Rosenbauer Panther 8x8 - 2015 16800 L Waasser, 2200 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver
105 FLF Rosenbauer Panther A146 6x6 VO[3] 2021 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel, 250 kg Läschpolver Video
FLF (als Reserve-Gefier) "Singah" Rosenbauer Spezialkonstruktioun 8x8 MAN 1996 12000 L Waasser, 1600 L Schaummëttel, 500 kg Läschpolver
TLF - Rosenbauer TLF 3000 MAN 2005
107 RW - Ziegler RW 3 MAN 2012 Kran hannen a Rettungsplattform vir
KDW - - BMW X1 2011
KDW - - Toyota RAV4

Ekipement änneren

  • 3 Container (Verschidde Pompjeesmaterial)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aircraft rescue and firefighting – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Historique. ana.gouvernement.lu (25.07.2018). Gekuckt de(n) 16.11.2021.
  2. L'Administration - Missions. ana.gouvernement.lu (02.06.2018). Gekuckt de(n) 16.11.2021.
  3. Nouveau fourgon pompe tonne pour le CIS Aéroport. 112.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.