E Fluchhafen ass eng ëffentlech Fluchplaz mat Infrastruktur, iwwer déi generell kommerziell Flich gemaach ginn. Jee no Sproochgebrauch kann een och Militärfluchplazen zu de Fluchhäfen zielen. Op engem Fluchhafe gëllen dacks méi héich Sécherheetsstandarter wéi op anere Fluchplazen.

De Fluchhafe Lien Khuong am Vietnam

Fluchhäfe si meescht gutt iwwer d'Stroossennetz z'erreechen an op den Transport vu Passagéier a Cargo ausgeluecht. Dofir kënne Fluchhäfen och un d'Schinnennetz (Zuch, Metro, Tram) ugeschloss sinn.

Fir am Fall vun engem Accident séier kënnen anzegräifen, fënnt een op deene meeschte Fluchhäfe Pompjeeën a Rettungsdéngschter. Aner Infrastrukture sinn den Tower, Hangaren, Terminaler an deenen d'Passagéier kënnen an- an auschecken an u Bord vum Fliger goen, Restauranten, Butteker, Bureaue fir d'Police an d'Douane, asw. E grousse Fluchhafen kann iwwer 100 km² grouss sinn an 10.000e Leit beschäftegen.

De Fluchhafe Lëtzebuerg läit nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.

Fluchhäfe mat de meeschte Passagéier änneren

Rang
2015
Numm vum Fluchhafen Land a Stad Code
(IATA/ICAO)
Passagéier
2015
1. Hartsfield-Jackson Atlanta International Airport   USA, Atlanta ATL/KATL 101.491.106
2. Beijing Capital International Airport   China, Peking PEK/ZBAA 89.938.628
3. Dubai International Airport   Vereenegt Arabesch Emirater, Dubai DXB/OMDB 78.014.838
4. Chicago O'Hare International Airport   USA, Chicago ORD/KORD 76.942.493
5. Tokyo Haneda International Airport   Japan, Tokio HND/RJTT 75.316.718
6. London Heathrow Airport   Vereenegt Kinnekräich, London LHR/EGLL 74.989.795
7. Los Angeles International Airport   USA, Los Angeles LAX/KLAX 74.937.004
8. Hong Kong International Airport   Hong Kong HKG/VHHH 68.283.407
9. Aéroport Paris-Charles de Gaulle   Frankräich, Paräis CDG/LFPG 65.766.986
10. Dallas-Fort Worth International Airport   USA, Dallas a Fort Worth DFW/KDFW 64.072.468

Um Spaweck änneren

Commons: Fluchhäfen – Biller, Videoen oder Audiodateien