Fleury-devant-Douaumont

Fleury ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.

Fleury-devant-Douaumont
Gedenksteen op der Strooss wou d'Uertschaft war

Gedenksteen op der Strooss wou d'Uertschaft war
Gedenksteen op der Strooss wou d'Uertschaft war
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Belleville-sur-Meuse
Postcode 55 100
Gemengecode 55 189
Koordinaten 49° 11’ 53’’ N
      05° 25’ 34’’ O
Fläch  1 027 ha
Bevëlkerung  0 (2012)

Fleury war bis zum Éischte Weltkrich eng Uertschaft mat 422 Awunner. An der Schluecht vu Verdun gouf et an Zäit vun 2 Méint ofwiesselnd, 16-mol vun de Fransousen an de Preisen zeréckeruewert, an dobäi komplett zerstéiert.

D'Uertschaft gouf nom Krich net méi opgebaut. Haut ass et eng Gediechtnesplaz, an op engem flechéierte Parcours kann e gesi wou d'Stroosse waren, a wou d'Haiser stoungen.

Fleury gouf als Village mort pour la France deklaréiert a gëtt vun dräi Leit verwalt déi bis 1982 vum Prefekt vun der Meuse bestëmmt goufen a vun do un, gi se vum Conseil Genéral de la Meuse bestëmmt.

De Krichsmusée Mémorial de Verdun gouf zu Fleury op der Plaz opgeriicht wou fréier d'Gare vun der Gemeng war.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fleury-devant-Douaumont – Biller, Videoen oder Audiodateien