Fléron ass eng Uertschaft a Gemeng an der Provënz Léck a gehéiert zur franséischsproocheger Communautéit.

Fléron
D'Geschäftsstrooss (N3)
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 16.495 (1. Januar 2018)
Fläch 13,72 km²
Koordinaten 50° 36’ 38’’ N
      05° 39’ 55’’ O
Telefonszon 043
Postcode 44624
Websäit http://www.fleron.be
D'Lag vu Fléron an der Provënz Léck
D'Gemeng vu Fléron

Fléron läit am Südoste vu Léck an d'Gemeng verdeelt sech riets a lénks vun der Nationale 3, op enger Längt vun ongeféier zéng Kilometer. Dës grouss Nationalstrooss war virum Bau vun der Autobunn A3 (E40) d'Haaptverbindung vu Léck op Oochen. Eng Parti vun der Gemeng stéisst un de Plateau de Herve.

D'Gemeng huet eng Fläch vun 1372 ha, an hiert d'Stroossennetz huet 76 km.

Uertschaften an der Gemeng sinn: Fléron, Magnée, Retinne a Romsée.

De gréissten Deel vun der Gemeng läit op engem Plateau deen am Oste seng Originnen um Plateau de Herve huet a wou en am Fong geholl d'Verlängerung dovun no Westen ass. D'Héicht ass an der Moyenne 260 m (ING Belsch). Et gëtt weider keng natierlech Koppen awer den Terril vun der Kuelegrouw Le Hasard ass eng kilometerwäit siichtbar Landmaark. Dës Boss bedeckt eng Fläch vu ronn 15 ha, ass zimmlech kreesfërmeg a ronn 40 m héich. Si läit op der Gewan vun der Uertschaft Retinne.

De Plateau ass och eng Waasserscheed tëscht dem Haaptdall vun der Meuse an de Quelle vun de Baachen déi an hiren Niewefloss d'Weser lafen. Déi bekanntst vun deen Baachen ass d'Magne déi vu Battice op Prayon leeft an e schmuelen Dall ausgewäsch huet an domat d'Griecht vum Bay-Bonnet forméiert."An dëser Gricht fënnt e vill Planzen déi u fiicht Kallekbiedem gebonn sinn an hei e grousse biologesche Wäert duerstellen.

Geschäftswelt änneren

Um Territoire vun der Gemeng Fléron fënnt a bal all Zort vu Geschäfter, et gëtt en ettlech grouss Surfacen (déi grouss a bekannt sinn all vertrueden en ettlech souguer zwee- oder dräimol). Am Ganze ginn zu Fléron ronn 350 Geschäfter gezielt.

All Freiden ass e grousse Maart mat bis zu 60 Stänn.

Verkéier änneren

Eisebunn änneren

Duerch d'Gemeng geet haut nach just ënner dem Buedem déi nei TGV-Linn Bréissel-Léck-Oochen déi op dësem Deelstéck Linn L2 heescht an duerch de 6.530 m laangen Tunnel vu Soumagne geet.

Fréier gouf et zwou Eisebunnsstrecken an der Gemeng. Déi eng war d'Linn 38 déi zu Vaux-sous-Chévremont fortgaangen ass an dann an zwou grousse Schléngten op de Plateau vu Fléron eropgeklotert ass, vir da weider duerch de Plateau vun Herve bis op Hombourg ze féieren. Haut ass op där Streck déi Enn der 50er Joren aus dem Betrib geholl gouf, eng Vëlos- a Spadséierpist déi zum beschtbekannte Reseau RAVeL gehéiert.

Dat anert war d'Vizinalstreck 38B vun Trooz op Fléron. Vun där Streck gesäit en nach just e puer Reschter vum Ballast um Terrain, e Statiounsgebai bei der Carrière tëscht Trooz a Fléron, an d'Reschter vun enger Bréck iwwer d'Magne zu Prayon.

Stroossen änneren

Verbindungstroossen änneren

D'Stroossennetz vun der Gemeng huet 76 km dovun ass e groussen Deel Nationalstrossen an zweetrangeg Stroossen déi awer ganz gutt ausgebaut sinn.

  • d'Nationalstrooss N3 geet zu Léck fort a leeft duerch déi ganz Gemeng am Ufank a Richtung Süde bis op de Rond-Point vum Bay-Bonnet, fir dann no Osten a Richtung Herve ze dréinen.
  • d'Nationalstrooss N673 vu Fléron op Prayon.
  • d'Nationalstrooss N621 Vaux-sous-Chèvremont - Fléron - Soumagne.

Avenue des Martyrs änneren

D'Avenue des Martyrs ass en Deel vun der N3 am Zentrum vu Fléron. Si krut hiren Numm duerch en Tëschefall am Zweete Weltkrich.

De 6. September 1944 hate jonk Leit aus der Géigend vu Fléron sech am Schlass vun der Famill Del Marmol zu Forêt zesummefonnt. Dëst Schlass war eng vun den Ulafplaze vun der Armée secrète. Eng quasi verbriecheresch Attack vun der däitscher Arméi déi d'Schlass ëmstallt an a Brand gestach huet, huet 64 jonk Leit d'Liewe kascht.[1] Als Erënnerung un dëse Massaker krut d'Haaptstrooss zu Fléron den Numm Avenue des Martyrs. En Deel vun de gefalene Resistenzler ass um Kierfecht vu Fléron op der Plack vum Monument aux morts opgelëscht.

De Fort vu Fléron änneren

Vum Fort vu Fléron ass net méi vill ze gesinn. Ausser engem Entlëftungstuerm vun 1933 an der rue de Retinne, enger Kasematt an der rue des Cloutiers, enger Erënnerungsplack um Rescht vun der Bunkermauer tëscht N3 an der Rue des rempart an engem klenge Monument aux morts an der Rue de l'Enclos ass näischt méi wat un dës grouss Militärinfrastruktur erënnert. Op der Plaz vum Fort steet haut eng grouss modern Cité mat Sozialwunnengen.

Klasséiert Gebaier a Konschtwierker änneren

  • D'Uergel vum Arnold Clerinx an der Dekanatskierch St. Denis (Klasséiert den 11. 09. 1982).
  • En Haus an der rue Heid-des-Chênes (n°8) de Rez-de-Chaussée, Molereien op der Mauer, de Kamäin an d'Boiserien aus dem 18. Joerhonnert. (Klasséiert den 11. 09. 1990)
  • D'Plaz Heid-des-Chênes an d'rue de Jupille. (Klasséiert den 29. 11. 1994)
  • En Haus an der rue Heid-des-Chênes (n°38). (Klasséiert de 07. 10. 1988)
  • E Bauerenhaff an der rue Heid-des Chênes (N°40). (Klasséiert de 07. 10. 1988).
  • D'Kierch Ste Julienne an der voie des Chanoines (N°12). (Klasséiert mat de Miwwelen den 13. 02. 2001).

Um Spaweck änneren

Commons: Fléron – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Marquet Victor, « La tuerie de Forêt-Trooz », in Jours de Guerre, n°19, 1995, p. 102-115.