E Fläschenzuch ass en einfacht Geschier, dat dozou déngt fir Laaschte méi liicht ze hiewen, oder ze zéien.

Op de Biller 2, 3 a 4 si verschidde Méiglechkeete vun der Verdeelung vun der Kraaft bei Fläschenzich ze gesinn
E Pullisblock vun engem Fläschenzuch
E Fläschenzuch op engem Baukran

De Prinzip vum Fläschenzuch besteet doraus, datt een e Seel huet dat op enger Plaz festgemaach ass, dat dann iwwer eng Pulli leeft, déi um Objet deen ee beweege wëll festgemaach ass, (lasse Pulli genannt, am Géigesaz zur fixer Pulli wéi am Bild 1 vum Schema hei niewendrun), an da fir déi gréisste Kraaft z'entwéckelen, vun där Pulli aus sou parallel wéi méiglech an Direktioun vu sengem Fixatiounspunkt gezu gëtt. D'Vergréisserung vun der Zuchkraaft um Objet dee beweegt soll ginn, entsteet doduerch datt wann d'Seel parallel zu sech selwer iwwer sou eng lasse Pulli zeréckgezunn gëtt, d'Kraaft déi ee muss opbrénge fir den Objet ze beweegen ëm d'Hallschent reduzéiert gëtt.

D'Biller 2,3,a 4 am Schema hei niewendrun, weise wéi de Kraaftopwand sech am Verhältnes zu der Zuel vun de Pullie verännert.

Dëse Prinzip dee vum Archimedes erfonnt gouf, gëtt haut nach a ville Beräicher gebraucht, wa grouss Laaschten ze beweege sinn, wéi z. B. op Kranen oder Liften, bei Spaanwierker an op der Eisebunn fir d'Catenaire ze spanen. De Virdeel dovun ass datt ee mat enger relativ schwaacher Kraaftquell, wéi z. B. enger klenger elektrescher Wann, a mat engem dënne stole Seel, Laaschte kann hiewen déi ëm ee villfacht d'Brochlaascht vum Seel iwwerschreiden. Wat méi Pullien op engem Fläschenzuch sinn, wat manner Kraaft gebraucht gëtt, allerdéngs muss d'Wann dann e groussen Haspel hu fir déi sëllege Metere vu Seel kënnen opzewéckelen.

Ëmgedréint funktionéiert de Prinzip och. An deem Fall muss een eng grouss Kraaftquell hunn, déi de Fläschenzoch auserneenzitt oder -dréckt, an doduerch eng kleng Charge iwwer grouss Strecke beweege kann. Dëse Prinzip gouf z. B. bei de Lifter vum Eiffeltuerm gebraucht, a Kombinatioun mat enger Hydrauliksanlag, déi iwwer en décke Piston de Fläschenzuch ausernee gedréckt huet an doduerch de Lift an d'Luucht gehuewen huet. De selwechte System gëtt bei de véier Schëffslifter vum Canal du Centre gebraucht fir d'Paarte vun de Lifter op- an zouzemaachen.

An enger einfacher Applikatioun gëtt de System vum Fläschenzuch bei der Eisebunn gebraucht fir d'Seeler op de Catenairen ze spanen.

Wann amplaz vu Seeler eng Kette gebraucht gëtt, schwätzt ee vun engem Kettenzuch.

Um Spaweck änneren

Commons: Fläschenzich – Biller, Videoen oder Audiodateien