D'Fläschefënster war eng Zort Fënster, déi am Éischte Weltkrich erfonnt gouf. D'Erfindung gëtt engem Offizéier dem Colonel Lichtenberger zougeschriwwen.[1]

Fläschefënsteren

Well normal Fënstere bei de Bombardementer duerch den Drock vun den Explosiounen ëmmer futti gefuer sinn, gouf no enger Léisung gesicht, fir et méi oder wéineger hell an de Raim ze behalen, an ouni dat no all Explosioun flaacht Glas, dat souwisou, sou rar wéi Wäiss Mais war, huet missen erbäigeschaaft ginn.

Eng Fläschefënster war eng primitiv Holzkonstruktioun, déi aus enger véiereckeger Rumm bestanen huet an an der Mëtt de queesche Wee duerch eng Rei Late gedeelt war. Sou war et méiglech fir dodran zwou Reie vu fënnef bis siwe Fläsche festzemaachen. D'Tëscheraim goufe mat Gips opgefëllt.

Referenzen änneren

  1. L'Album de la Guerre 1914-1919, Tome premier, Paris L'Illustration (1925) Säit 374