Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fiichten (Picea) sinn eng Gattung an der Famill vun de Pinaceae.

Fiichten
Eng Fiicht
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Nolholzplanzen
Uerdnung Pinales
Famill Pinaceae
Ënnerfamill Piceoideae
Gattung Fiichten
Wëssenschaftlechen Numm
''Picea''
A.Dietr., 1824
Fiicht
Omorikafiicht
Sitkafiicht
Sibiresch Fiicht
Gewéinlech Fiicht

Mat Ausnam vun Afrika komme se bal op der ganzer Nordhallefkugel vir.

Hir Blieder hunn d'Form vun enger Nol, se fille sech graff un, a bei villen Aarte si de pickeg. Si kënnen an der Haapfaarf gréng, gréng-giel, oder gréng-blozeg sinn. D'Sektioun ass bei villen Aarten entweeder ronn, oder quadratesch. Si kënnen och am Ganze gréng sinn oder jee no Aart, dem laange Wee no wäiss, blo-wäiss, oder gro Bänner hunn. Wann d'Blieder ofgefall sinn, ass de jonken Aascht rau wéi eng Raspel.

De Som bilt sech an den Zapen, déi ëmmer no ënnen hänken, wat se vun den Dännenzapen ënnerscheet, déi um Schotz an d'Luucht stinn. D'Zappe fille sech mëll, liedereg un. Wa se zeideg sinn, si se brong, bei der Sitkafiicht wäiss, a soss alt emol purpurfaarweg. Se ginn all an engem Joer zeideg, a bleiwen ni zwee Joer um Bam hänken. Déi meescht Zape ginn op, wa se dréchnen, mat Ausnam vu P. sitchensis, P. pungens'Glauca' a P. jezoenis.

D'Schuel ass dënn, a schuppeg, an nëmme bei ganz ale Beem kritt se Furen a Rëss.

Et gëtt ongeféier 50 Aarten. Déi bekanntst dovun zu Lëtzebuerg sinn:

Um Spaweck änneren

Commons: Picea – Biller, Videoen oder Audiodateien