Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fieseler Fi 156 ass ee mat engem Propeller ugedriwwene Fliger, dee fir d'éischt 1936 geflunn ass. E gouf en an de Gerhard-Fieseler-Wierker zu Kassel entwéckelt a gebaut. De Fieseler Storch, wéi hie wéinst sengen héijen a starre Been (Riedergestell) genannt gouf, war am Laf vum ganzen Zweete Weltkrich als Verbindungs-, Opklärungs- a Sanitätsfliger am Asaz.

Fieseler Storch
Fieseler Storch am Däitsche Musée, virdru. Schwäizer Arméi

Seng grouss verglaast Kabinn, mat enger ausgezeechenter Vue ronderëm an déi gutt Flucheegenschaften, besonnesch bei niddreger Vitess (seng Minimal-Vitess louch ënner 50 km/Stonn) hunn hien ausgezeechent. Si hunn him erlaabt, bei Géigewand op enger Streck vun nëmmen 20 m ze landen (50 m fir ze starten).

De Fieseler Storch ass och doduerch bekannt ginn, datt déi däitsch Testpilotin Hanna Reitsch de 26. Abrëll 1945, kuerz virun der däitscher Kapitulatioun, hire Frënd, de Feldmarschall Robert Ritter von Greim a Berlin ageflunn huet, (op d'Convocatioun vum Hitler hin), an dobäi am zerbombte Berlin an der Noperschaft vum Tiergarten op enger improviséierter Pist gelant ass. D'Fieseler Fi 156, war domat de leschten däitsche Fliger, dee virum Enn vum Drëtte Räich nach zu Berlin gelant ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Fieseler Fi 156 Storch – Biller, Videoen oder Audiodateien