Dësen Artikel beschäftegt sech mat Fiedere bei Vullen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Fieder (Homonymie).

Fiederen (lat. Pennae, Singular Penna) sinn eenzel Deeler vum Plommekleed vun de Vullen. Si bestinn aus Keratin, wuessen op der Baussenhaut, a sinn, wa s'ausgewuess sinn, ouni Liewen. D'Fiedere schützen d'Vulle viru Waasser a Keelt a ginn hinnen och eng bestëmmt Faarf, déi souwuel dozou dinge kann, sech ze tarnen wéi och als Mëttel vun der visueller Kommunikatioun. Ausserdeem gi se de Vullen eng fest Kontur, an zur gudder Lescht d'Méiglechkeet, ze Fléien.

Verschidde Vullefiederen

Obwuel eng eenzel Fieder extreem liicht ass, weien all d'Fiedere vun engem Vull zesumme méi wéi duebel sou vill wéi säi Skelett. D'Branche vun der Wëssenschaft, déi sech mat de Fiedere befaast, heescht Plumologie.

Et gëtt grondsätzlech tëscht zwou Zorte Fiederen ënnerscheet: de Konturfiederen, déi dem Vull d'Form ginn, an d'Ënnerfiederen (Plommen; lat.: Plumae), déi do si fir waarm ze halen.

Um Spaweck änneren

Commons: Fieder – Biller, Videoen oder Audiodateien