Fichier Diskussioun:Barbara00.jpg
Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von SITCK
"Sujet: Helleg Barbara" ass gutt ze wëssen, awer wier et net flott, wa mer méi géife gewuer ginn: wou se steet, wie se gemaacht huet, wéi héich se ass, an aus watfir engem Material se ass. --Cornischong 17:30, 5. Dez. 2008 (UTC)
- ...an da sinn do nach zwou widerspriechlech Lizenzen. Ech huelen un, FU ass e Iertum? --Zinneke 17:53, 5. Dez. 2008 (UTC)
- Gudden Owend, der frot en Dag ze spéit. Gëschter war Bärbelendag, an d´Foto ass schonns laang dran. Et ass d´Bärbel vum Comité Ste Barbe vun Téiteng. Schreiwt mer w.e.g. genee op wat der wëllt wëssen, an ech versichen déi Donneeën ze fannen.--SITCK 18:52, 5. Dez. 2008 (UTC)
- Moien,
- Dann der Rei no:
- Firwat stinn zwou Lizenzen an der Beschreiwung vun der Foto? Ass dat just en Iertum?
- Wéi héich ass d'Statu?
- Ass se aus Holz, oder engem anere Material?
- Ass et méiglech fir de Sculpteur vun der Statu erauszefannen?
- Wou steet d'Statu normalerweis wann se net just an engem Cortège op der Rees ass?
- Rebonjour,
ech wäert mech drëms bekëmmeren, bei anere Froen wees de jo wou´s de mech fënns E schéinen Owend nach a net vergiessen d'Schung virun d´Diir ze stellen ;o) --SITCK 21:12, 5. Dez. 2008 (UTC)