Fichier Diskussioun:Albert-Breisch------w.jpg

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Otets

Wisou CC an net Domaine public? --Otets 23:30, 23. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Ech huelen un, well d'Nationalbibliothéik et ënner CC verëffentlecht (Kuck d'Conditiounen do an der "Luxemburgensia online Rubrik). --Zinneke 08:13, 24. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Quell vun der Foto--Fliedermaus 08:28, 24. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Hm, dat wier déi franséisch 2.0 Versioun vun der CC BY-NC-SA Lizenz, net déi einfach wéi hei uginn, wou en plus d'Referenz op d'Nationalbibliothéik feelt. Et gesäit mer trotzdem relativ eendeiteg no enger "oeuvre dirigée" aus (Artikel 6 vum Gesetz vun 2001), bei deer d'Droits d'auteur scho 70 Joer no der Publicatioun ofgelaf sinn (Artikel 9. Paragraph 3. vum Gesetz vun 2001). D'Nationalbibliothéik kéint also just Droits d'auteur um Scan reclaméieren - just gesinn ech a priori net wéi e Scan kann "original" sinn (Artikel 1. Paragraph 3. éischten Abschnitt vum Gesetz vun 2001), also de contraire vu "banal", mat der Empreinte vun der Perséinlechkeet vum Auteur, deen e Kreatiounseffort gemat huet. Wou soll dee perséinlechen Effort si wann de Scan plazeweis Schieter huet, bal onlieserlech ass oder schif hänkt? Enfin, kucke mer emol. --Otets12:59, 24. Jun. 2008 (UTC)Äntweren

Zréck op de Fichier "Albert-Breisch------w.jpg".