Lëtzebuergesch: Nodeems den däitsche Kënschtler Gunter Demnig den 28. Oktober 2014 scho 15 Stolpersteng zu
Déifferdeng verluecht hat, koum hien de 5. November 2015 zréck fir weider 23 "Miniaturdenkmaler" vrun de leschte bekannte Wunnenge vun Naziaffer zu Déifferdeng, Fuussbann,
Nidderkuer an
Uewerkuer ze errichten. De Parrainage gouf vu Lokalassociatiounen iwwerholl.
Well d'Krichshandlungen an der Ëmgéigend weider ugehalen hunn, goufen d'Awunner, déi Déifferdeng den 10. Mee 1940 nach net verlooss haten, vum däitsche Besatzer an d'Stad an duerno an d'Éislek evakuéiert. Mat dobäi war d'Famill Bornstein-Furleiser, déi warscheinlech aus gesondheetleche Grënn zu Déifferdeng bliwwe war. De Salomon Bornstein, Jorgang 1896, Aarbechter op der HADIR stierft den 21. Mee 1940 an der Evakuation zu Wolz.
Seng Wittfra Golda Bornstein, gebuer den 23. August 1896, steet lo aleng an ouni Akommes mat den dräi Kanner Dina (gebuer 1924), Esther (gebuer 1926) a Rachmil (gebuer 1935) do. De 16. Oktober 1941 gi se alle véier mat deem éischten Deportatiounszuch dee vu Lëtzebuerg op Łódź (Litzmannstadt) an de Getto geet, deportéiert an am Mee 1942 zu Chełmo ëmbruecht.
D'Groussmamm Bella Furleiser, gebuer de 14. Juli 1864, war scho laang un d'Krankebett gebonnen. Duerch een Dokteschattest konnt si am Spidol zu Déifferdeng bleiwen a war um Enn déi leschte Jüddin zu Déifferdeng, bis si am Juli 1942 op d'Pafemillen verschleeft gouf an do den 8. Dezember 1942 stierft.
Parrainage: Luxembourg Cult Vehicles.